De ganze Summer iwwer maache mer eppes géint är Fluchangscht.

An de Fliger klamme a schonn do seng Vakanz genéissen, dat ass eist Zil. E Pilot vun der Luxair gëtt eis Erklärungen iwwert de Fliger, d'Technik derhannert a falsch Virurteeler.

23/07/2025 Serie Fluchangscht

D'Luxair bitt och ëmmer nees Kueren un géint déi sougenannt Aviophobie. Hei géifen d'Leit dacks perséinlech Erfarungen matbréngen. Duerch Momenter déi se virdrun op engem Vol erlieft hunn wéi de Pilot Charles Victor erklärt.

"An déi perséinlech Erfarunge sinn dacks bei de Leit am Emotionale verstäerkt, well do Saache geschitt sinn, déi se entweeder net richteg konnte verstoen, duerch déi Informatiounen, déi dee Moment eeben am Raum stoungen oder och eeben, wann een elo an enger Turbulenz ass, well d' Leit déi ganz Phenomener hannendrun net ganz verstinn, wat jo och normal ass, well ee sech jo elo do net onbedéngt da grouss eraliese geet virun all Vol, deen een hëlt."

Soubal et dann Erklärungen zu de Phenomener ginn, gi scho vill Froen beäntwert. Et ass een eben hei an engem komplexen Domaine

"Dat heescht, et ass immens schwéier an 30 Sekonnen elo zum Beispill en Turbulenzphenomen ze erklären oder an 30 Sekonnen ze erklären, firwat de Fliger elo dat sécherst Transportmëttel ass. Wann ech do just déi Informatioune ginn, dann ass et dacks, datt d' Leit dohinner ginn an dann awer nach dat a Fro stellen. Mee wa mer dann awer de ganzen Dag huelen, an dat Ganzt ass jo esou opgebaut, datt dat eent dat anert erkläert an et ginn d' Zesummenhänger kläert, dann op eemol um Enn vum Dag gesi mer, dat effektiv vill vun deene Froe scho beäntwert sinn."

Dacks hätten d'Leit och eng falsch Virstellung vun der Realitéit. Dat wat deelweis an de soziale Medien duergestallt gëtt entsprécht net ëmmer der Wourecht an der Aviatioun. Nachemol de Pilot Charles Victor:

"En Hollywoodfilm, e Katastrophefilm ass natierlech drop ausgeluecht, fir seng Audienz esou vill ze captivéiere wéi méiglech, mee mir schwätzen elo net vun enger Realitéit, wann den Denzel Washington elo do e Looping mécht an dann zur selwechter Zäit nach mam Flilék an e Kierchtuerm renne geet. Also do beweege mer eis ganz wäit vun der Realitéit ewech. 

Wat ech impressionnant fannen iwwert déi lescht Joren, also elo am leschte Joer zum Beispill, huet eng Madamm, déi jo och Kandidat war, mer de Feed vun hirem Instagram gewisen. An u sech, well si sou vill Recherchen driwwer gemaach huet, hu mer u sech festgestallt, datt d' sozial Medien hier dann eeben esou e Feed ginn hunn, wou déi ganzen Zäit de Videoe gewise goufen, wou dee Moment eng Verspéidung war oder wou eppes net richteg gelaf ass. Mee dat wat am Video awer u sech beschriwwe gouf, a wéi mir dat jo dann als Experten dee Moment gesinn hunn, hu mer awer gemierkt, datt dee Video u sech falsch geschnidde war oder d' Hallschecht vun den Informatiounen ewech gelouss gouf an dee Moment dann natierlech déi komplett falsch Iddi entstanen ass."

An dofir si mir jo dann de ganze Summer iwwer do fir dat mol kloer ze stellen.

Iwwer Turbulenzen an äner Phänomener gitt der opgeklärt

Hei de Site wou ee sech vu September u ka fir d'Couren umellen: https://www.luxair.lu/de/aviophobie (d'Kueren sinn 2026 an ëmmer ganz séier ausverkaf)