De ganze Summer iwwer maache mer eppes géint är Fluchangscht.

An de Fliger klamme a schonn do seng Vakanz genéissen, dat ass eist Zil. E Pilot vun der Luxair gëtt eis Erklärungen iwwert de Fliger, d'Technik derhannert a falsch Virurteeler.

30/07/2025 Serie Fluchangscht

Mam Fliger an d'Vakanz. Fir verschidde Leit ass dat méi relax wéi fir anerer, well se eben net sou gär fléien.

De ganze Summer iwwer versiche mer iech dës Angscht ze huelen a loossen dofir e Pilot vun der Luxair zu Wuert kommen dee falsch Virurteeler opklärt.

De Pilot Charel Victor ënnersträicht, dass de Fliger dat sécherst Transportmëttel ass.

"D'Statistik fënnt een iwwerall. De Fliger ass a bleift dat sécherst Transportmëttel eeben och duerch dat wat déi Joren, déi Joerzéngte virdrun entwéckelt gouf. Ech menge mir beweegen eis do op deem héchste technesche Stand, deen och ëmmer weider verbessert gëtt. An et bleift net nëmme bei der Technik, mee och de CRM, also de Crew Resource Management, gëtt stäteg verbessert. Dat heescht, an der ganzer Industrie gëtt u sech ëmmer gekuckt, wéi kënne mer et méi sécher, méi effizient maachen. An dat ass eeben eng Aarbecht, déi iwwert d' Joerzéngte schonn sech zitt."

Wann een déi lescht Joerzéngten kuckt, erkennt een dat och ganz kloer

"Wann een elo an d' 50er a 60er Jore kucke geet, do sinn effektiv nach vill méi Accidenter geschitt. An de 60er a 70er Joren, duerch déi technesch Entwécklungen, déi komm sinn, ass dat Ganzt du vill méi sécher ginn. Ab den 80er Joren hu mer intensiv ugefaang iwwer d' CRM ze schwätzen. Voilà, elo an de moderne Jore profitéiere mer nach ëmmer vun där Entwécklung an et geet eebe weider. An dat wäert och an Zukunft nach esou weidergoen."

Et gi Leit déi sichen sech ëmmer dee selwechte Sëtz am Fliger aus, well se sech do am sécherste fillen. Ginn et méi oder manner sécher Plazen am Fliger?

"Dat ass esou eng Informatioun, wou een da géif ufänken erëm sech esou Gedanken ze maachen an da ginn d' Gedanken an eng Richtung, déi u sech, jo, net déi richteg ass, well de Fliger als solches ass zertifizéiert an do ass all Plaz esou sécher wéi déi aner och. Dat heescht, do gëtt et keen Ënnerscheed. Wat een elo vläicht liicht mierkt, ass a puncto Turbulenzen zum Beispill, dat een, wann een elo iwwert de Flilleke sëtzt, well dee ganze Fliger beweegt sech jo och ronderëm säin Centre de gravité. Do géif een dat da vläicht e bësse manner spieren, well een, wann een elo ganz vir oder ganz hanne sëtzt an et sinn Turbulenzen, da beweegt de Fliger sech natierlech do ronderëm. Mee dat ass awer esou subtil. Also wann een elo géif dee selwechte Passagéier huelen an an an d' Mëtt sëtze goen an 20 Sekonnen drop hanne sëtze goen, ech mengen net, datt d' Leit do e groussen Ënnerscheed géife mir kënnen. Dee Gedanke muss ee sech einfach esou virstellen, dee ganze Fliger ass eng Unitéit, déi ass zertifiéiert no deenen modernste Standarden an do ass eng Plaz esou sécher wéi déi. Déi anerer och."

Hei de Site wou ee sech vu September u ka fir d'Couren umellen: https://www.luxair.lu/de/aviophobie (d'Kueren sinn 2026 an ëmmer ganz séier ausverkaf)