All Joer an de Fréijoers- a Summerméint zitt et d'Motorradsfuerer nees op d'Strooss fir hirer Passioun nozegoen. Ma och all Joer verléieren direkt e puer Motorradsfuerer hei am Land hiert d'Liewen.

23/07/2025 Preventiv géint déidlech Accidenter um Motorrad

All Joer an de Fréijoers- a Summerméint zitt et d'Motorradsfuerer nees op d'Strooss fir hirer Passioun nozegoen. Ma och all Joer verléieren direkt e puer Motorradsfuerer hei am Land hiert d'Liewen. Dëst Joer hate mir a kuerzer Zäit leider scho 7 déidlech Accidenter mat Motorrieder an d'Saison ass nach net eriwwer. Wien déi awer elo all op de Konnt vun der Vitesse leet, deen iert sech. Charles Faber vun der Police:

"Leider hu mer effektiv kee roude Fuedem dee mir an dësen trageschen Accidenter kéinten erausfannen. Et huet sech esou erausgestallt, dass all Accident op seng Aart a Weis speziell ass. Sief dat elo eng Virfaartsmëssuechtung, sief dat eng net ugepasste Vitesse, sief dat vläicht och eng net ugepassten Trajectoire."

E Feeler um Motorrad verzeit net, dofir soll ee sech als Biker ëmsou méi op d'Motorrad fuere konzentréieren a sech net oflenke loossen.

"Da wier et och wichteg, dass mer, wat mir souwisou alleguerte sollte wa mer am Verkéier ënnerwee sinn, ëmmer antizipéieren an och vläicht deem Géigeniwwer och e gewëssene Raum fir e Feeler agestinn. Selwer kënne mer natierlech alleguerte Feeler maachen, mir sinn alleguerten nëmme Mënschen, mee wa jidderee vläicht nëmmen e bësse Spillraum fir sech léist, da kéint et vläicht besser ausgoen."

A fir sech gutt op d'Saison ze preparéieren, kann een op de Centre de Formation pour conducteurs um Colmar-Bierg zréckgräifen:

"Et gi Coursen am Ufank vun der Saison wou dann och Formateure vun der Police mat dobäi sinn, Beruffsmotorradsfuerer, déi dann och probéieren d'Kolleege vum Centre de formation mat hirem Wëssen an hirem Kënnen ze ënnerstëtzen an natierlech sou de Leit eng sécher Faart op engem Motorrad bäizebréngen."

Och op eise Stroossen ass d'Police aktiv an organiséiert am Ufank vun der Motorrad-Saison eng Campagne:

"Déi nennt sech "Sécher op zweea Rieder" wou mer geziilt Motorradsfuerer probéieren ze kontrolléieren an an deem Sënn och ze sensibiliséieren iwwert d'Motorradfueren an d'Risken déi domadder verbonne sinn. Dann hu mer awer och nach spezifesch am Norden op deene méi touristesche Motorradstrecken eng Campagne déi leeft vum Fréijoer bis an den Hierscht eran wou dann natierlech och ëmmer weider kontrolléiert gëtt, preventiv genee sou gutt wéi awer repressiv."

D'Zil vun dëser Campagne ass et ze probéiere sou vill wéi méiglech dacks schwéier Accidenter um Motorrad ze evitéieren.