Am Géigesaz zum Auto, huet een um Motorrad leider keng Knautschzon wann et zu engem Accident kënnt. Dat sollt engem bewosst sinn, éier ee sech iwwerhapt fir de Motorradsführerschäin aschreift.

23/07/2025 Fahrschoul Motorradsfuerer

16 Stonne Praxis si bei dësem Führerschäin virgeschriwwen. An deene puer Stonne probéiert de Fahrlehrer sengem Schüler dat Wichtegst bäizebréngen. Dany Rodrigues vun der Auto-Ecole Dany:

"Fir d'éischt versiche mer mol d'Saach esou opzebauen, dass mer dem Kandidat kënne mol e Verständnis fir d'Gefier mat hire Geforen natierlech matginn, Verständnis, dass e Motorrad glad a guer näischt mat engem Auto ze dinn huet. Dat sinn zwou verschidde Welten. Also d'Manipulatioun vun der Maschinn an dann natierlech kënnt d'Preventioun, mee dat ass u sech e Prozess dee mer da lues a lues opbauen, dat heescht Feeler verbesseren."

E grousse Problem ass fir den Dany allerdéngs d'Vitess déi net kompatibel mat Motorrad fueren ass:

"Een deen dat iergendwéi wëllt kompatibel maachen, bei deem ass et just eng Fro vun der Zäit bis dass et eng Kéier schif geet. Dat ass natierlech genee dat wat mer net wëllen. Sou e Motorradsführerschäin ass e Luxus an esou eng Motorradsfaart soll iergendwou e bësse mat Spaass verbonne sinn, awer net Spaass un der Vitesse."

Fir eng Partie Leit gehéiert d'Vitess awer iergendwou bei d'Motorrad fueren dobäi. Dee Reiz kann een och ausliewe wann een dat brauch, just am beschten net op der Strooss, dat fir sech an och déi aner ze schützen:

"Do ginn et jo och Rennstrecken déi si jo dee Moment dofir op an et gi souguer ganz flott Course mat Instrukteren déi ugebuede gi fir dann eben dee Reiz an déi Passioun auszeliewen. An op enger Rennstreck huet een déi Sécherheet méi deen een op der Strooss net huet: E bessere Makadamm, besser Konditiounen, et geet alles an eng Richtung, Leit déi dat selwecht wëllen, keng Beem, keng Leitplanken, kee Géigeverkéier."

Nieft der Stabilitéit um Motorrad probéiert d'Fahrschoul awer och seng Schüler mental drop virzebereeden:

"Dass d'Marge ganz geréng sinn. Wa si dat net acceptéieren, dann huet de Fahrlehrer iergendwann och keng Handhab méi driwwer wa si bis eleng sinn."

An do soll da jidderee fir sech mat sengem Gewëssen eens ginn a wësse wat e wëllt a wat net.