
© pixabay.com
Wann ee mam Motorrad ënnerwee ass, däerf een dat net ouni Helm. Ma och dat richtegt Gezei spillt eng grouss Roll an do sollt net dru gespuert ginn.
Wann ee mam Motorrad ënnerwee ass, däerf een dat net ouni Helm. Ma och dat richtegt Gezei spillt eng grouss Roll an do sollt net dru gespuert ginn. Alphonse Conrardy vun der Motor Unioun Lëtzebuerg:
"Do muss ee virun allem ganz gutt Material hunn,e gudden Helm deen och net soll ze vill al sinn. Et soll een eng gutt Jackett hunn, do ass haaptsächlech d'Abriebfestegkeet déi do wichteg ass, et soll ee gutt Schong unhunn déi zolidd sinn, et muss een Händschen unhunn. Haut hu mer de Virdeel, dass et elo Airbags ginn déi ganz gutt sinn. Déi ersetzen déi haart Protektoren aus Plastik déi mir soss op den Ielebéi an op de Knéien haten. Déi si scho wierklech performant an déi verhënnere ganz vill Verletzunge vis-à-vis vu fréier."
Nieft dem gudde Material ass och d'Faarf vum Gezei wichteg. Déi richteg Kleeder schützen dann och net nëmmen am Fall vun engem Accident. Ma och d'Suspensioune vum Motorrad sollte richteg agestallt gi fir sécher ënnerwee ze sinn, eppes wat dacks net richteg erkläert gëtt:
"Dat ass awer dat Wichtegst un engem Motorrad vun der Sécherheet vum Motorrad selwer, dass d'Suspensioun richteg agestallt ass. Natierlech d'Pneuen, de Loftdrock ass och wichteg. Mee bei engem Motorrad wann ech deen eleng fueren oder ech fueren en zu zwee mat Gepäck, dann hunn ech praktesch dat nämmlecht Gewiicht uewen drop wéi d'Motorrad selwer weit. An do ass d'Fuerverhale vun deem Motorrad ganz anescht."
Generell fënnt d'Motor Unioun Lëtzebuerg awer och, dass 16 Stonne Fuertraining net duer gi fir de Motorradsfuerer richteg virzebereeden. Nicola Cumini:
"Mir denken, dass déi 16 Stonnen engem en Entréesticket gëtt fir op der Strooss ze fueren, mee dat seet net, dass een elo e gudde Motorradsfuerer ass oder alles versteet. Mir wiere méi frou wann d'Leit, éier se de Führerschäin maachen, vläicht bei eis op en Terrain géinge kommen an do eng 10 bis 15 Stonne fuere fir ze kucke wat geet a wat net geet. Dat Wëssen hunn, dono an eng Fahrschoul goe well da kritt een éischtens vill méi mat an et versteet ee besser wéi et ass."
D'Motor Unioun sëtzt sech dann och fir en nationalen Trainingszenter a wou ee genee dat maache kéint. Donieft bitt d'Federatioun awer och verschidde Coursen un:
"Mir hunn een Training dee mer 2 mol mat der Autoschoul Bertrand maachen, de "Be safe on your bike" wou mer dann de Motarden déi sech do aschreiwen, gratis d'Méiglechkeet ginn e Fuersécherheetstraining ze kréien. Zu Helleng op der Pist wou de Stock Cars gefuer gëtt, gi mir Initiatiounscoursen fir Leit déi wëlle léiere fueren an eng éischt Prise en main mat engem Motorrad hunn."
D'Datumer vun de Course fënnt een um Site vun der Motor Unioun Lëtzebuerg [link]wou ee sech dann och umelle kann.