
© pixabay
Esou muncher een huet vläicht schonn mol eng Handysrechnung krut an net schlecht gestaunt, well déi op eemol vill méi deier ass wéi soss. Dat kann dorunner leien, dass een sech per SMS op verschidde Servicer, dacks onbewosst, ugemellt huet, wou dann am Hannergrond ofkasséiert gëtt. Bei der Post gëtt et zanter enger Zäitchen de StopSMS, wou een eng Kontroll driwwer kritt, ob wat een abonéiert ass an déi Saachen ofschalte kann.
De Pierre Zimmer, Directeur Adjoint vun der Post erkläert:
Also et sinn d'Operateure vu Lëtzebuerg, déi do matmaachen. An dat ass fir de Leit e vereinfachte Wee ze ginn, fir dat ze stoppen. Dat heescht, do geet een op de Site, gëtt ee seng Telefonsnummer un an da gesäit ee mol schonn direkt, wou ee iwwerall abonéiert ass, heiansdo nach op méi Plazen, wéi ee geduecht huet. A wann een da Stopp do dréckt, da bekëmmere mir eis drëm, fir dass déi dote Saachen net méi weiderlafen. Dat heescht, et huet een net Schwieregkeeten, grouss administrativ Prozeduren ze maache, fir un déi Firma ze kommen, an esou weider.
Deen een oder anere vun Iech gouf awer bestëmmt och schonn mol vun enger onbekannter Nummer ugeruff a vertraulech Donnée gefrot oder e Band engem gesot huet, et misst een op d'Geriicht. Hei agéiert d'Post och scho méi laang, andeems se d'Nummeren ënnerdréckt an da just nach "anonym" do steet:
Dat gesäit ee lo reegelméisseg, da kritt een een, zwee, dräi Telefonen, wou mir dann d'Nummer net uweisen, fir dass d' Leit net sollen ophiewen, an da schécken se den SMS, awer neierdéngs mat engem ganz proppere Lëtzebuerger Text, wou da gesot gëtt: -Lauschter, mer mussen onbedéngt matenee schwätzen. Normal steet dann och keen Numm dran, well se den Numm net kenne vun iech. A mellt een sech zeréck, entweeder mat SMS oder esou. Si schreiwen ni am SMS, wien si sinn. Si soen net, hei et ass de Pol an esou weider, dat steet einfach net dran. A wann een esou en SMS kritt, däerf een och net reagéieren.
Fakt ass, dass esou Arnaquen duerch KI an Zukunft net ofhuele wäerten, ma een sech drop astelle muss, fir deementspriechend ze reagéieren an ëmmer e Schratt viraus ze sinn:
Mir hunn och eng URL, wou mir de Clienten da soen, wann der esou eppes Louches hutt, schéckt eis deen Text, well dat ass fir eis dann eng Informatioun, déi mir benotzen, fir déi nächst SMSen vun deem dote Stil ze blockéieren. Dat heescht, d'Leit kréien déi da guer net méi. Alles wat do gemaach gëtt, do stécht méi wéi eng Persoun hannendrun. Dat sinn am Fong Computeren, déi schécken dat massiv. A wa mir da lo eng Nummer géife blockéieren, si schaffen eng Sekonn drop mat enger anerer Nummer, fir weiderzefueren.
Wann der gäre kuckt ob der ongewollte Servicer abonéiert hutt, kënnt der är Nummer bei
aginn, da kritt der vun der Post e Link geschéckt, fir eng Lëscht ze kréien an déi Saachen, déi der net wëllt gratis ofzebestellen.

© pixabay