
© Bernhard Schürmann/Pixabay
Elo am Summer leeën d’Leit jo nach méi Wäert op hir Gäertercher. Faarweg Blummen, Beem, déi ufänke Friichten ze droen oder e Gaart mat ganz kreativem oder nohaltegem Effekt? Wann och Dir Iech do erëm fannt, da lauschtert elo gutt no. D’Céline Spithoven huet dann nämlech e Concours parat, deen Iech kéint interesséieren.
Am Kader vum „Luxembourg Urban Virgäertche Concours“sichen d’Liga Gaart an Heem zesumme mat der LUGA no de schéinste gréngen Oasenan der Stad Lëtzebuerg – a jo, och op klenge Plazen!

Bis den 31. Juli kënnen Awunner Fotoe vun hirem Virgäertchen,Baminsel oder och beplanztem Balcon eraschécken. No enger éischter Preselektioun entscheet d’Allgemengheet Enn August per Online-Vote, wien d’Präisser gewënnt – déi ginn iwwregens vun der LUGA gestëft. Virgäertchen a Balkon, dat ass jidderengem e Begrëff, mee wat ass eng Baminsel? Dat erkläert eis d’Martine Mergen, Presidentin vun der Liga Gaart an Heem.
"Mir si jo eng gréng Stad, wou jo iwwerall vill Stroossebeem. An do ronderëm ass esou e klenge Kare. Dat ass eng Baminsel. A wann een eng Demande bei der Gemeng mécht, da kann een déi och beplanze viru senger Dier. A mir hunn hei um Cents zum Beispill eng ganz Rei vu Gäertner, déi och hir Baminsel beplanzt hunn. Dat ass eng typesch Manéier an de Stied, fir seng Léif zum Gaart ze weisen. An dofir wollte mer dat als Kategorie awer mat bäihuelen."
Et ginn dräi Kategorien:
Virgäertchen, Balconen a Baminselen. An der Bewäertung geet et ënner anerem ëm Biodiversitéit, ökologesch Praktiken, d‘Fleeg an natierlech déi allgemeng Ästhetik.
"Déi schéinste Fotoe kommen op eisen Internetsite an och op der Luga hire Site, an da kënnen d' Leit selwer wielen, wat hinnen am beschte gefält. Ech huele jo un, dass net jiddereen deen nämmlechte Krittär huet, an dass mer da villäicht eng Iwwerraschung kréien", sou d'Martine Mergen.
Dëse Concoursgëllt nëmme fir Awunner vun der Stad Lëtzebuerg. Fotoe kënnen nach bis den 31.Juli eropgeluede ginn um Site gaartanheem.lu oder luga.lu.
D’Liga rifft op: Maacht mat a weist, wéi schéi gréng eis Stad ka sinn!