
© pixabay
Haut um 4. August widderhëlt sech den Doudesdag vum däneschen Dichter Hans Christian Andersen fir d'150te Kéier. Hien ass virun allem fir seng Märercher wéi "Die kleine Meerjungfrau", "Däumelichen", "Des Kaisers neue Kleider" oder "Das hässliche Entlein" bekannt, déi haut zur Weltliteratur gehéieren a souwuel vu Kanner wéi och Erwuessenen haut nach geschat ginn, well se dacks déifgrënneg Messagen iwwer Dugenden a Resilienz a schwéieren Zäite vermëttele, Michèle Schons?
Den Hans Christian Andersen gouf den 2. Abrëll 1805 zu Odense an Dänemark gebuer. Seng Kandheet huet en an aarme Verhältnisser verbruecht, de Papp war Schouschter an d'Mamm Wäschfra. D'Famill hat esou wéineg Suen, dass se dem Bouf d'Schoul net bezuele konnten. Réischt nom Doud vum Papp, wéi den Andersen 14 Joer al war, huet sech säi Liewe verännert. De Jong ass op Kopenhagen geplënnert an huet do als Schauspiller am Theater geschafft. Séier sinn d'Leit och op säin Talent fir seng Texter opmierksam ginn.
Haut gëtt an Dänemark, speziell zu Odense un säin Doudesdag geduecht, mat etlechen Events a Festivallen an och den H.C. Andersen Musée plangt eng speziell Expo, wéi de Responsabel Mads Runge eis verroden huet:
Wir hatten auch schon dieses Jahr am 2. April eine Geburtstagsausstellung gemacht, hier kann man jetzt sein Leben und seine Märchen in einer ganz interessanten Form für Kinder und Erwachsene erleben. Ein Teil des Museums ist sein Geburtshaus. Hier in Odense steht auch sein Kindheitshaus, das auch ein Museum ist.

© HC Andersen Hus - Laerke Beck Johanse

© HC Andersen Hus - Laerke Beck Johanse
Am Alter vu 25 Joer huet den Anderson och seng Passioun fir d'Reesen entdeckt, huet ronn 30 Länner besicht a war och mol fir länger Zäit an Däitschland, wat en nach méi bekannt gemaach huet, esou dass seng Wierker a ville Sproochen iwwersat goufen.
Inspiréiert vun de Landschaften an och senge Rencontere mat Mënschen aus der ganzer Welt, huet en och ganz vill erfollegräich Gedichter geschriwwen. Säi Stil war speziell, well e gären al Seechen a Mythe benotzt huet, déi en da kannergerecht opgeschriwwen huet. Seng insgesamt 168 Märercher déi vun 1835 bis 1848 an 8 Bänn erauskoume, gehéieren zur Weltliteratur a ginn als zäitlos beschriwwen. Bis zu sengem Dout am Alter vu 70 Joer a bis haut nach driwwer eraus huet e Grouss a Kleng begeeschtert.
Den 150ten Doudesdag vum Hans Christian Andersen also haut um 4. August an den internationalen Dag vum Kannerbuch, deen ass iwweregens zu sengen Éieren op säi Gebuertsdag, den 2. Abrëll gesat ginn.

© HC Andersen Hus - Laerke Beck Johansen

© HC Andersen Hus - Laerke Beck Johanse