
© Werner Heiber/Pixabay
Kennt Dir dat och, dir freet Iech immens op e Plat a stitt 2 Stonnen an der Kiche fir dësen ze preparéieren. Ma prett um Dësch mam fäerdeg Teller an op eemol huet een einfach keen Honger méi. Ma dofir gëtt et e gudde Grond, Detailer vum Céline Spithoven.
Fuerscher hunn elo erausfonnt, dass dat ganz vill mat eisem Gerochssënn ze dinn huet. Eleng de Geroch vum Iessen aktivéiert am Gehier e spezielle Circuit, deen eis e Sättegungsgefill gëtt – also e Gefill, dass mir genuch hunn, och wa mir nach net iessen. Dat hu Wëssenschaftler elo bei Tester mat Mais erausfonnt. De Lëtzebuerger Kach an Enseignant Carlo Sauber kann dëst aus Erfarung confirméieren.
"Ech hunn ëmmer geduecht, dat wier just eppes Perséinleches, dass ech keen Appetit hat. Effektiv gëtt beim Kachen och dacks geschmaacht an do war bei mir och de Fall, dass ech duerno net méi den Appetit hat fir Iessen ze genéissen."
Mee net nëmmen dat: Beim Kachen ass och d’Gehier schonn am Virbereedungsmodus, et erwaart déi Kalorien, déi geschwë kommen, an dat hëlleft, de Honger méi séier ze vergiessen. Ausserdeem ass een esou beschäftegt, dass een net méi op säin Honger fokusséiert. Dofir gëtt et an der Gastronomie eng Norm.
"A Betriber gëtt ganz dacks virum Service giess, fir ze vermeiden, dass Leit, déi an der Gastronomie schaffen engersäits ze laang hongereg sinn. An awer och d'Energie muss do sinn, well mer awer an engem Beruff sinn, wou ee sech vill beweegt."
Mee zeréck bei de Geroch-Circuit, interessant ass nämlech och, dass dëse Circuit bei iwwergewiichtege Mais wärend der Etüd net gutt funktionéiert huet. Si kruten net dat richtegt Sättegungssignal, dat se géif bremse manner ze Iessen. Dat kéint erkläre firwat Leit, déi iwwergewiichteg sinn dacks weider Iessen obwuel se scho sat sinn.
D’Wëssenschaftler hoffen elo, dass dës nei Entdeckung d’Fuerschung weider bréngt, an esou eng Methode fonnt gëtt fir d’Hongergefill besser ze kontrolléieren an esou Iwwergewiicht a Krankheeten, déi domat zesummenhänken, ze bekämpfen.
Also, déi nächst Kéier wann Dir an der Kiche stitt, huelt eng Nues voll, dat richt net nëmme gutt, mee hëlleft och Ären Honger am Grëff ze halen an ze vermeide sech ze iwwerfriessen.