Mir sëtzen eis elo an de Fliger fir a Richtung Vakanz. An eiser Summer Serie kläre mer déi wichtegst Froen ronderëm d'Fluchangscht. De Pilot bei der Luxair de Charles Victor huet schonn op dëser Plaz erkläert, dass all Plaz am Fliger gläich sécher ass.

06/08/2025 Serie Fluchangscht

Haut geet et ëm d'Geräischer. Nieft dem Motorgeräisch zielt eis de Pilot wat déi aner sinn déi een héiert.

"Wat derbäi kënnt, dat ass virum Start zum Beispill, wa mer elo d' Klappen erausfuere ginn (mir nennen se zwar Landeklappen, mee mir benotzen déi och beim Start) do gi se dann zum Beispill op fënnef Grad erausgefuer a bei der Landung op fofzéng Grad. Déi Klappe maachen u sech, datt de Fliger ka fléien, mat méi enger klenger Vitess, well wa mer keng Klappen hätten, da misste mer Landepiste bauen, déi net véier Kilometer laang sinn, mee aacht Kilometer. An dann hu mer jo schonn e Problem. Mir kënnen jo net a Richtung Hamm an an déi aner Richtung elo ufänken do d' Pist nach méi laang ze maachen."

D'Geräisch kënnt dann an deem Fall vun den hydraulesche Pompelen

"An déi sprangen dann eeben dee Moment un, wou mer eeben dem Fliger soen, datt en déi Klappe soll erausfueren. Dat ass e Kaméidi, deen ass just dee Moment. Beim Airbus zum Beispill héiert een déi relativ gutt. An dat ass esou e Kaméidi, dee just dee Moment ass an da freet ee sech, okay, wat ass elo lass. Mee dat si wéi gesot Motoren, hydraulesch Pompelen, déi do fueren an déi kënnen eeben zu verschiddene Momenter vum Vol aktivéiert ginn. Mee generell um Fliger ass awer, wat e méi Kaméidi mécht vu bannen, wat besser. Well dat heescht, d'Systemer déi dréinen an déi funktionéieren esou, wéi se solle funktionéieren."

Hei de Site wou ee sech vu September u ka fir d'Couren umellen: https://www.luxair.lu/de/aviophobie (d'Kueren sinn 2026 an ëmmer ganz séier ausverkaf)