Mir klären elo am Summer déi wichtegst Froen aus der Aviatioun, dat mat engem Pilot vun der Luxair.
De Charles Victor weess op all déi Froen eng Äntwert. Sou wéi eisen Auto reegelméisseg op Sandweiler muss fir kontrolléiert ze ginn, ass dat beim Fliger och de Fall.
"De Maintenance Hangar, deen neien, deen ass jo och zu Sandweiler. En ass net wäit vum Controle Technique ewech. De Fliger gëtt all Dag gecheckt. Dat heescht, moies déi éischt Vollen déi rausginn, do muss den Routinecheck gemaach ginn, et ass e Mecanicien, deen de Fliger kuckt, vu baussen, vu bannen, d' Instrumentatioun, da komme mir als Crew op de Fliger an da gi mer nach eng Kéier duerch déi ganz Tester vun de Systemer derduerch. Do ass de Fliger esou opgebaut, datt déi fundamental Systemer, déi dra sinn, déi hunn och esou eng Selftest-Funktioun. An do loosse mer u sech de Selftest lafen, am Ufank, wann d' Motoren aus si vun deene Systemer, mee da wann d' Motoren u sinn, teste mer déi Systemer och. A wa mer do gesinn, dass eeben eppes net richteg funktionéiert, dat ass dann dee Moment wa mer da leider musse soen, de Vol kritt Verspéidung, mee eis Mecaniciene musse kommen, fir de Fliger ze kontrolléieren."
Dat ass elo dat wat all Dag gemaach gëtt, et ginn awer och déi méi grouss Checken
"Et kann een u sech soen, datt de Fliger all zwou, dräi Wochen eng Kéier eng ganz Nuecht an den Hangar geet an do eng Kéier op Häerz an Niere gepréift gëtt an dann erëm an d' Operatioun geet. Zu all Moment, wann u sech ee System ass, deen net richteg funktionéiert, da geet de Fliger aus der Operatioun eraus. Well dat muss da gefléckt ginn, ir dass de Fliger erëm kann an d' Operatioun eragoen. Dat heescht, mir schwätzen do vun de regulären Intervallen a mir schwätzen awer dann och vun deenen irreguläre Momenter, wann effektiv eppes futti géif goen, wat dee Moment net geplangt war, da muss dat fir d' éischt ersat ginn ier de Fliger erëm kann an d' Operatioun eragoen."
Hei de Site wou ee sech vu September u ka fir d'Couren umellen: https://www.luxair.lu/de/aviophobie (d'Kueren sinn 2026 an ëmmer ganz séier ausverkaf)