
© miSchons
No engem remarkabelen Debut lescht Joer, invitéiert de Skating Luxembourg dëst Joer op en neits op den Axellence Camp fir Äiskonschtleefer hei op der Kockelscheier. Dëse Stage bréngt olympesch Traineren a Spëtzesportlerinnen aus der ganzer Welt zesummen. Mat derbäi och dëst Joer nees de Brian Orser aus Kanada, eng richteg Weltlegend am Äiskonschtlaf. Mir hate Geleeënheet, net nëmme mam Brian selwer, ma och mam Organisatiounsteam ze schwätzen, déi dëse flotte Camp an d'Weeër geleet hunn.
There are some good, talented kids from this club here in Luxembourg. I think they're doing all the right things and the kids are competing a lot. Some of them are going out internationally to do the Junior Grand Prix, the International Skating Union events, and that's huge.
No engem Welcome Meeting mat de Participanten e Sonndeg huet de Camp ugefaangen. Scho moies geet et op d'Äis - um 7 Auer geet et lass mam Training, dee bis Owes geet, Katarina Philippe vum Organisatiounsteam:
On a 53 inscriptions. On a des patineurs de tout âge. On a des adultes aussi, c'est des patineurs luxembourgeois, mais aussi des adultes qui viennent de l'étranger. On a des enfants à partir de 8 ans, 9 ans à peu près, jusqu 'aux adultes.
Den Axellence Camp ass vum Skating Luxembourg organiséiert a bréngt talentéiert Äiskonschtleefer mat Welt-Klass Coachen zesummen, déi da fir eng Woch op héijem Niveau trainéieren an esou entsteet och e globalen Echange. Leider sinn d'Capacitéite vum Club mëttlerweil schon enk an et feelt u Plaz, Cynthia Casini, Vizepresidentin vum Skating:
Mir hu Skaties, dat ass esou eis Basis vum Club. D'Ufänger, wou se dann ufänke mat Saache léieren an d'Coachen detektéieren dann Talenter a setze se dann an déi verschidde Gruppen, d'Kompetitioun, d'Leisurecompetition, mir hunn och Adulten, déi dann hir Coursen hunn. Dat heescht, mir hunn e bësse vun allem den eenzege Problem ass - mir hunn eng Waardelëscht vun iwwer 300 Leit.

© miSchons
Och wann d'Wardelëscht laang ass, sinn d'Frënn vum Äissport trotzdeem frou fir all Ënnerstëtzung, well de ganze Camp och op Volontariat opgebaut ass, Mady Elvinger-Werner, Presidenting vum Club:
Fir mech ass et wichteg, datt d'Leit et gesinn an och déi Opportunitéit kréien, wéinstens dann eis Supporteren ze ginn, datt mer einfach esou eng Supporter-Base kréien, wou d'Leit eis Events kucke kommen. Mir hunn eng Kompetitioun am Mäerz all Joer, Coupe du Printemps, datt d'Leit do och kënne kucke kommen. Mir sinn natierlech elo, well mer just eng Äishal bei der Stad Lëtzebuerg hunn an de Capacitéite limitéiert. Dat heescht, mir hunn am Moment 300 Memberen, mir kënne leider net jiddereen huelen, mee mir kënnen d'Passioun awer mat jidderengem deelen.
De Brian Orser ass nach bis Enn der Woch am Axellence Camp op der Kockelscheier mat derbäi an hei héiert der de ganzen Interview mat der kanadescher Legend:

© miSchons