All Gefier leeft jo an tescht och mat elektreschem Undriff. Och bei den Utilitären, an deemnächst esouguer am Schwéier Transport. Mam 40 Tonner op Europa Tour, kann dat gutt ausgoen resp. ass dat um Enn rentabel fir den Transporteur?

De Christian Schmit ass hei am Land mat engem schwéieren E-Camion matgefuer.

08.08.2025 eACTROS, Gidderverkéier mam Elektro Camion (MAT USO)

Genee, a schwéier an deem Fall nobäi 12 Tonnen, an dat ouni Charge am e-Actros vu Mercedes-Benz.

Et ass eigentlech eng Suedel Zuch Maschinn di fir de Fernverkehr ausgeluecht ass an eigentlech e vun den éischte Camion'en iwerhapt mat deem e vernënfteg Räichwäiten kann hunn. Ënnert ganz normalen a realistesche Konditiounen komme mir do op bis zu 500km.

Jo an de Manuel Lange vu Merbag verréit mir dann och dass den e-Actros erkennt wéivill gelueden gouf a rechent deementspriechend de Radius vun der Autonomie aus.

Impressionant de Batterie Package an d’Leeschtung fir dass mam Unhänger net schonn an der éischter Montée Schluss ass.

Kontinuéierech Leeschtung, do hu mir 400kw, also 540 PS a wärend e puer Minutten eng Spëtzeleeschtung vun iwwer 840 PS. D'Batterie ass netto, also utilisabel 600 kw/h dat entsprécht  6mol d'Kapazitéit vun engem gréisseren Elektroauto.

RTL
RTL
RTL

An da fuere mir lass. Ongewinnt den Dezibelpegel dee jo quasi bei 0 läit, an esou zum Fuer Confort bäidréit. Bannenan an der ganz wunnlecher an ergonemescher Kabinn kaum Ënnerscheeder.

Anescht beim Präis, an do läit am Moment nach d’Kromm an der Heck?

De Präis ass natierlech en Thema, et ass eng ganz nei, a fir de Moment kascht esou en elektresche Camion nach dat villfacht vun engem normalen Diesel Camion. Do waarde mir ganz éierlech gesot nach drop dass do vu Regierungssäit Subventioune kommen, a wann déi bis aktuell sinn, da wäert do och e Schub u Bestellunge kommen. 

RTL
RTL
RTL

340 000 Euro soll dat gutt Stéck kaschten an dorunner scheitert et de Moment nach. Awer och vläicht un der Tatsaach dass den elektresche Camion net wéi Busser um Pantograph kënne geluede ginn, mee just mat 100kw um Schnell Lader.

RTL
RTL
RTL

Bei eisen däitsche Noperen rullen der scho wäit aus méi?

Lues a lues op jidde Fall, wëll et ass och de Gesetzgeber deen dofir suergt dass dat ëmmer méi interessant gëtt. An Däitschland sinn déi sinn di elektresch Camio'en komplett vun der Maut, vum Péage befreit, an da gëtt dat och fir den Transport Unternehmer méi interessant. Et ginn Afahrtsbeschränkungen déi een da net huet wéi a verschiddene Grouss Stied, entweder duerch Geräisch oder Ofgasen. 

Um Enn vun eiser Tour e Bléck op de Bord Computer, 96kw/h Verbrauch bei ideale Bedingungen. Jo do kéint dat klappe mat der Elektromobilitéit am Gidderverkéier.

Et muss e jo net gläich de Chauffer a de Süde vun Europa schécken, wëll Fahrte wëlle scho sérieux geplangt ginn.

RTL
RTL

E puer Fotoen vun ënnerwee mam groussen e-Actros Elektro Camion, déi kënne mir eis op www.radio.rtl.lu ukucken.