
Wësst dir zënter wéini et scho Wäi Riewen op der Welt ginn, an wéini di Riewen op Lëtzebuerg koumen?
Genee an dat zu Réimech beim Corinne Kox. Jo d’Kultur vum Wäin huet tatsächlech schonn eng joerdausenden aal Traditioun?
Et vergësst een heiansdo e bëeschen wou de Wäin eigentlech hirkennt, a wéi al de Wäin eigentlech schonn ass, an d'Kultur vum Wäin ass. A wann een dann zeréck geet op di joerdausend al Traditioun, da stéisst een do op di Amphoren, resp. Toune Kréi. Wëll den Terme Amphore kënnt aus der Réimerzäit, awer de Wäin ass jo scho vill méi al.
Am Kaukasus huet de Wäin säin Ursprong, an dacks gëtt do Georgien genannt?
Wëll effektiv si di Traditioun iwwer 8000 Joer duerchgehend praktizéieren. Aner Länner ronderëm hunn och scho virun 8000 Joer Wäin gemaach, mee duerch reliés Grënn gëtt et do kee Wäin méi. A Georgien benotzt och nach ëmmer di Method, déi virun 8000 Joer genotzt gouf, och haut nach. Mëttlerweil ass et UNESCO Weltkulturierwe ginn. Di Toun Kréi hunn dann och e spezifesche Numm, deen Toun Krou deen am Buedem aläit, fir Wäin hirzestellen nennt sech Kvevri.
An op eiser Musel?
Jo dat geet dann zeréck op d'Réimerzäit. Also wahrscheinlech hunn d'Kelten virdrun och schonn di Zäit Wäin gedronk, mee net onbedéngt Wäin hirgestallt. An et si wahrscheinlech d'Réimer déi virun ongeféier 2000 Joer, wéi si zu Tréier ugesiedelt waren , dann de Wäibau op der ganzer Musel développéiert hunn.
Zeréck op Réimech op den Domaine wou e sech deelweis och fir di ganz aal Wäi Kultur decidéiert huet.
2014 war dat. Do hu mir zwou Kvevrien hei installéiert. Déi koumen och effektiv direkt aus Georgien. Di brauch an sech den Drock vu baussen dass déi zesummenhält, an dofir gëtt déi an de Buedem ageluecht.
An esou eng Kvevri passen 800 Liter. Di méi kleng Versioun, dat sinn dann Amphoren, an do passe 70 Liter dran.
D’Corinne Kox ass am Moment di eenzeg Wënzerin déi sech och mat där doter Method op eiser Musel beschäftegt. Firwat eigentlech?
Wat ech immens flott fanne bei deenen Methoden, et gesäit een einfach wat geschitt. Bei de Kvevri ass et esou dass mir deemols alles vun Hand gemaach hunn. Ob et elo Drauwe waren déi mir entrappt hunn, an dann an d'Kvevri geluecht si ginn, d'Fermentatioun déi kann een all Dag kucke goen. Et ass een a sech vill méi am Prozess dran, irgendwéi ass een och vill méi mat deem Wäin verbonnen.


A wéi opwänneg ass di Method, wéi schmaacht dee Wäin deen aus enger Kvevri oder aus Amphore kënnt, a wéi ass Akzeptanz bei de Leit?Alles dat gi mir an der nächster Stonn da gewuer.
A wéi déi Gefässer aus Toun ausgesinn, dat gesi mir elo schonn op www.radio.rtl.lu