De Wäin a seng Kultur mat sénger joerdausender aaler Traditioun war an der leschter Stonn en Thema. Mir hu schonn geléiert dass e säin Ursprong am Kaukasus huet, iwwer 2000 Joer op eiser Musel doheem ass, an den Ënnerscheed tescht Kvevri an Amphoren erklärt krut.


Elo interesséieren eis elo dofir wéi opwänneg déi Method ass, a wouranner si sech ënnerscheed vun där traditioneller op eiser Musel.
De Christian Schmit mat den Detailer.

12/08/2025 Geschicht vum Wäibau a Wäin aus Amphoren (2. Deel mat Uso)

D'Wënzerin Corinne Kox ass eigentlech ëmmer op fir eppes Neies, ass der Meenung dass eis Wäiner net just mussen traditionell ausgebaut ginn. Di al Methoden op eis Rief Zorten an eiser Regioun ze benotzen, e spannende Prozess ouni Limiten.

RTL

An den ugeschwate Kvevri an Amphoren räifen di Wäiner éier sin an d’Flesch kommen och ganz natierlech?

Dat ass och effektiv Toun aus där Regioun. Et gi verschidde Biedem do, a si ginn gären an di leemeg Biedem do wou och Sëlwer dra fonnt gouf. 

also et si keng grouss Quanitéiten u Sëlwer, mee dat hëlleft u sech dass dee Sëlwer och eng anibakteriell huet. Also et muss een di Kvevri scho botzen, an extreem gutt botzen, mee et soll awer och en Effet hunn op d'Hygiène vun der Kvevri. 

Ganz zefridden ass e mat Pinot blanc, Riesling an Auxerrois, awer och rout Saint Laurent Drauwen an den zwou Kvevri am Buedem, resp den Amphoren am Keller.

A wëll di Wäiner jo da ganz anescht ausgebaut ginn, schmaacht een och den Ënnerscheed?

Also mir presse net just Drauwen, an huelen da just den Drauwe Jus, mee mir léeen och Drauwe mat dran. De Fait dass een Drauwe mat dra leet, gëtt de Wäin automatesch komplett anescht. 

An dofir nennt een dat dann och net e wäisse Wäin, mee Vin ombré oder Vin orange. 

D'Method vun de Kvevri ass souwisou eng ganz aner. wann een u Riesling denkt, dann denkt een un e klassesche wäisse Wäin, héich Seier a vläicht mat méi oder manner Reschtzocker. Mee et ass awer e wäisse frësche Wäin. 

wat maache mir an de Kvevrien? 

Wëll d’Faarw och méi staark gëtt, Genre Bernstein a ganz vill Tanin kréie si, wat e jo éischter vun de roude Wäiner kennt. Jee e komplett anere Wäin.

Dee schonn acceptéiert gëtt?

Et ass e bësschen eppes Experimentelles. et ass och net eppes fir jiddereen deen esou klassesch Wäiner wëll. Et muss e schonn en oppenen Esprit matbréngen. Eppes wat mir gutt am Export verkafen, Amerika ass en Demandeur, England och fir esou Produit'en. Wat een och mierkt, et si ganz vill Jonker déi dat souwisou scho kennen, orange Wäiner, an dann ass dat och net onbedéngt eppes Neits, an da fillen déi sech och ganz wuel domadder.

 

Da bleift eis nach just eng gutt Lies an e gudde Joergang 2025 ze wënschen, egal op deen am Faass, am Inox Tank, Kvevri oder Amphoren ausgebaut gëtt.

RTL
RTL