
© 2025 Columbia Pictures Industries, Inc.
D’Kampfsport-Legend Jackie Chan zesummen op der Leinwand mam urspréngleche Karate Kid? Do sprangen d’Fans vun der Karate Kid Saga aus der Këscht. Dir kritt elo d’Chance bei eis zwee Ticketen fir de Film ze gewannen, dee vun e Mëttwoch un an eise Kinoe leeft, mee virdrun gëtt d’Céline Spithoven eis nach e klengen Abléck, wat do op Iech zoukënnt.
Zanter dem éischte Film vun 1984, wou de jonken Daniel LaRusso vum Meeschter Mr. Miyagi geléiert gëtt, wéi een sech verdeedegt, ouni Gewalt, mee mat Respekt an Disziplin, ass d’Karate Kid-Rei eng richteg Kultserie ginn.
Vun de klassesche Filmer an den 80er, duerno de Remake mam Jackie Chan an dem Jaden Smith am Joer 2010 an dunn d’Serie Cobra Kai, déi d’Geschicht 34 Joer méi spéit virun erzielt huet - Karate Kid huet ëmmer Action, Wäerter a vill Häerz kombinéiert an d’Fans begeeschtert. Mat Karate Kid: Legends komme lo tatsächlech déi zwou Legenden zesummen op d’Leinwand.
Den Jackie Chan als Mr. Han an de Ralph Macchio als Daniel LaRusso, zwou Figuren aus zwou Generatiounen, vereene lo hir Kraaft an domat och Kung Fu mat Karate.
De Schüler Li Fong, gëtt gespillt vum Ben Wang, e jonke Kung-Fu-Schüler aus Beijing. Nodeems seng Mamm eng Aarbecht zu New York ugeholl huet, plënnert hien an de Big Apple an däerf kee Kung Fu méi maachen, well säi Brudder bei engem Kampf ëm d'Liewe komm ass.
Mee a senger neier Schoul fënnt hien Uschloss an domat gëtt den Neiufank direkt komplizéiert. De Conor, säin neie Rival an Ex-Frënd vu Mia, fänkt un hien ze mobben an d’Spannung klëmmt.
De Mr. Han, dem Li säi Bop, gesäit dass de Jong sech muss beweisen – net fir sech ze revanchéieren, mee fir sech selwer. A dat soll op der Matt bei engem offizielle Kampf geschéien. Fir dat ze packen, muss de Li awer eppes Neies léieren: Karate.
A wie kéint him do besser hëllefe wéi Daniel LaRusso, dee säi Liewen der Miyagi-Philosophie gewidmet huet.
Mat nëmme 7 Deeg Zäit fir sech virzebereeden, geet et fir de Li net nëmmen ëm d'Gewanne vum Turnéier, mee drëms säin eegene Wee ze fannen: Kombinéiert hie säi Kung-Fu-Hannergrond mat de Karate-Prinzipien, fënnt hien eng nei Stäerkt a sech selwer.
De Film bitt net nëmme spektakulär Kämpf, mee och vill Häerz, Léieren iwwer wat ee verluer huet, a wéi ee sech selwer nei fënnt.
Karate Kid at its Best.