
Déi ganz Woch iwwer konnten eng dose Kanner tëscht 10 an 12 Joer vun der Asbl Interactions un engem Theater Stage zu Diddeleng deelhuelen. Hannert dem Projet "Kids on stage" stécht d'Fondatioun Thierry van Werveke déi dat Ganzt integral finanzéiert huet.
Ëm wat et hei genee geet a firwat dës Initiative an d'Liewe geruff gouf, erkläert d'Martine Kohn, Organisatrice vum Stage:
"Den Thierry hat ëmmer e grousst Häerz besonnesch fir déi deenen et vläicht net sou gutt geet. An hei war et fir och eng Kéier eppes fir d'Kanner ze maachen déi vläicht net sou direkt an d'Vakanz kommen oder soss vläicht d'Méiglechkeet net hu fir mol soss eng Kéier hannert d'Kulisse vum Theater ze schnupperen oder sou e Stage kënne matzemaachen."
D'Kanner goufen dann och déi ganz Woch vu professionelle Leit aus dem Domaine encadréiert. Sou war et déi professionell Schauspillerin Magaly Texeira déi dee Stage geleet huet a mat de Kanner geprouft huet.
"D'Zil war vun Ufank un, dass mer et hikréien eben de leschten Dag vum Stage mat de Kanner eng kleng Virstellung hinzekréien déi mer dann engem gewësse Publikum kéinte weisen. Dat heescht, eis Woch ass ronderëm déi Virstellung organiséiert ginn. Den éischten Dag hu mer eis mol kennegeléiert mat villen Theater- awer och pedagogesche Spiller. An dunn hu mer lues a lues mat de Kanner probéiert erauszefanne wéi eng Themen, wéi eng Valeure fir si wichteg sinn am Liewen. Duerch Improvisatiounen an déi Saachen déi se dann ebe geléiert hunn, ass eis Virstellung gebuer."
Haut ass dann de groussen Dag wou d'Kanner weise kënne wat se geléiert hunn. Wat een hei erwaart, weess d'Martine Kohn:
"Et komme lauter Saachen op d'Bün déi de Kanner wichteg waren, vu Saachen déi si beweegt an hirem Alter an ech mengen do sti si fir ganz vill aner Jonker a Kanner an an ech denken do fanne sech der ganz vill dodran erëm déi dohinner kucken an nokucken."
Rendez-vous haut de Mëtteg um 15 Auer an der Hal VEWA zu Diddeleng.