Konsum – fir vill vun eis ass et e ganz normalen Deel vum Alldag. Mee wéi huet sech dat verännert, Kafe mir ëmmer nach esou vill a wat fir eng Käschte sinn domat verbonne? Haut kuckt d'Céline Spithoven mat eis op d'Entwécklungen wéi d’Fast Fashion an d’Bëllegindustrie-Industrie de Konsum iwwert déi lescht Joerzéngte verännert huet.

14/08/2025 Verännerungen Konsumgesellschaft Deel 1

Virun e puer Joerzéngte war Konsum eppes Besonnesches. E neie Fernseh, e schéint Kleed, eng Vakanz – dat waren Entscheedungen, op déi ee sech gefreet huet. Mee mat der Zäit huet sech eppes verännert: Aus heiansdo gouf „permanent“. Aus „Qualitéit“ gouf „haaptsächlech bëlleg“.  

Méi spéit, virun allem an de 2000er Joren, ass d’Fast Fashion opkomm. Marke wéi Zara, H&M – a spéider Shein – hunn all Woch nei Kollektiounen erausbruecht. D’Kleeder goufe sou bëlleg, dass et sech net méi gelount huet, se ze reparéieren. Laut Greenpeace kafe Leit a Westeuropa am Duerchschnëtt 60 Kleedungsstécker d’Joer – vill dovu gi bal net gedroen.  

Online-Säite wéi Shein, Temu oder AliExpress hunn dësen Trend nach verstäerkt. Si bidde Produite fir e puer Cent respektiv e puer Euro, direkt vum Hiersteller an dobäi dacks mat gratis Versand. Dëst ass nëmme méiglech duerch ganz bëllege Produktiounsbedéngungen a Länner wéi China, wou d’Aarbechter dacks ënnert schwéiere Konditioune schaffen. Eng Recherche vum Channel 4 huet gewisen, dass eng Néiesch an esou enger Fabrick ronn 4 Cent pro Kleedungsstéck kritt. An anere Rapporte geet ee vun 300 bis 1.000 Euro Akommes de Mount. 

Dëse Konsum huet e Präis, an dat fir Mënsch an Natur. Laut der UN-Ëmweltagence UNEP mécht d’Moudenindustrie ronn 10% vun den CO₂-Emissiounen an der Welt aus. Vill Produite ginn no kuerzer Zäit fort gehäit. Plaze wéi Ghana oder Chile leiden ënnert dem Textilmüll aus räiche Länner.  

Mee firwat kafe mir trotzdeem esou vill? Well et einfach ass. Well et bëlleg ass. A well et eng Gewunnecht ginn ass. Konsum ass net nëmmen, eppes ze kafen, wat ee brauch – et ass och eng Oflenkung, oder heiansdo eppes, wat eis gutt fille léisst. Et ass en Dopamin-Kick an och eng Aart Entspanung.  

Mee et richt no Verännerung. Minimalismus an No-Buy Challenges. Vill jonk Leit setzen sech dësen Challenge. Si verzichte bewosst drop Suen ausginn, déi net musse sinn– fir e Mount, e Joer oder méi oder liewen an op klengem Raum ouni iwwerflësseg Miwwel, Dekoratioun oder KrimsKrams, deen déi meescht vun eis Doheem an den Tiräng huet.