
© Anja/Pixabay
De Mueren hu mir eis am éischten Deel vun eiser Serie ugekuckt, wéi de Konsum an de leschte Joerzéngten ëmmer méi séier, méi bëlleg a méi impulsiv ginn ass an dat mat all senge Konsequenzen. Mee lues a lues verännert sech d’Konsumgesellschaft. Ëmmer méi Leit wëlle bewosst manner kafen, mee dofir méi nohalteg, méi fair a méi laangfristeg denken.
A villen europäesche Länner, dorënner och hei bei eis, ass e klore Wandel ze gesinn: ëmmer méi Leit wëlle manner Saachen, mee méi Wäert. Enger rezenter Etüd vum Internationalen Euromonitor no si vill Konsumente bereet, méi ze bezuelen, wann d’Produiten nohalteg hiergestallt ginn an eng méi héich Liewensdauer hunn.
D’Nofro no Bio-Produiten, Marke mat fairer Produktioun a Qualitéitsproduite geet an d’Luucht. Gläichzäiteg falen d’Verkafszuelen am Beräich vun der Ultra-Fast-Fashion. Vill Konsumenten entscheede sech éischter fir Second-Hand, lokal Produiten oder Saachen ze reparéieren, amplaz ëmmer nei ze kafen.
Och „No-Buy-Challenges“ sinn en Deel vun dësem neie Konsumverhalen. Dobäi verzichten d’Leit fir eng bestëmmten Zäit, zum Beispill ee Mount oder esouguer e ganzt Joer, op onnéideg Akeef. D’Zil? Erausfannen, wat ee wierklech braucht, a sech vu Konsumgewunnechten ze distanzéieren. Am Kader vun enger Etüd vun der University of Cambridge hu vill Leit, déi esou eng Challenge matgemaach hunn, vu méi Rou erzielt, engem bessere Bezuch zu Saachen an engem méi bewosste Liewensstil.
D’Beweegung geet awer nach méi wäit. Vill Mënschen definéieren haut Wuelstand net méi iwwer d’Zuel vun de Saachen a Luxusartikelen, mee iwwert Zäit a Wuelbefanne. Et geet ëm bewosst Entscheedungen, ëm Responsabilitéit, a schlussendlech ëm d’Fro: Wat zielt wierklech?
Eng aner Entwécklung, déi ëmmer méi opfält: vill Konsumente setzen net méi op Saachen, mee op Erfarungen an Erliefnesser. Selfcare, Vakanz a Produite fir d'Gesondheet. Dat alles gëtt méi wichteg.
Wat genee hannendru stécht a firwat Erfarungen ëmmer méi de Besëtz verdrängen, dat kucke mir eis am drëtten Deel vun eiser Serie méi am Detail un.