De Moien huet d’Céline Spithoven eis schonn erkläert, wéi de Konsum duerch Fast Fashion a Bëlleg-Online-Plattforme komplett aus dem Rudder gelaf ass. Mee mir hunn och iwwert aktuell Changementer vun der Konsumgesellschaft geschwat an iwwer Leit, déi sech bewosst entscheede fir „Manner, awer besser.“ An elo kucke mir, wou d’Geld tatsächlech hi geet. 

14/08/2025 Verännerung Konsumgesellschaft Deel 3

Mir kafen also manner, mä mir gi weider gäre Suen aus, mir investéiere just anescht. Erliefnesser amplaz Besëtz dat ass déi grouss Tendenz. Dem „Global Wellness Economy Report“ no, gi weltwäit iwwer 5 Billiounen US-Dollar pro Joer an d’Wellness-Industrie investéiert mat staarkem Wuesstem an de Beräicher Reesen, Spa, Gesondheet a Selfcare.  

Och Vakanz gëtt nei definéiert. D’Resultater vum Internationalen Euromonitor wëlle Konsumenten ëmmer méi bewosst an Erfarungen investéieren, amplaz an nei Gadgeten oder Kleeder. D’Reesindustrie huet sech nom Corona-Réckschlag séier erholl an d’Reesen an d’Ausland sinn an Däitschland den Ament zum Beispill ëm 15 Prozent méi héich, wéi am Joer viru Covid.  

Gläichzäiteg gesäit een e risege Boom am Beräich Iessergänzungsmëttel. Enger Etüd no si méi wéi 70 % vun de Konsumente bereet, méi Suen an hir Gesondheet a perséinlech Schéinheet ze investéieren. Collagen, Adaptogenen, Vitaminnen oder natierlech Kosmetik sinn an de Regaler net méi e Randphänomen mee Mainstream. Dat weist: Wuelbefanne gëtt zum neie Luxus. Gesondheet gëtt zur Prioritéit. Amplaz e fënnefte Mantel oder eng nei Smartwatch, investéiere vill éischter an eng Vakanz, an e Wellnessweekend oder an eng nei Meditatiouns-App. Dëse Konsum ass net méi esou impulsiv, mä bewosst. Net méi Saachen am Kleederschaf, mee méi Zäit fir sech selwer. A genau dat verännert d’Definitioun vu „Liewensqualitéit“.