© unsplash
Spéitstens wann déi éischt Klassekomeroden e Smartphone mat an d'Paus bréngen, da klëmmt de Wonsch no engem eegenen. E Gesetz ab wéini e Kand en Handy kréien dierf, gëtt et net, wann iwwerhaapt heescht et: Wat méi spéit, wat besser. Pedagoge recommandéieren dass Primärschoulkanner réischt ab 10 en einfachen Handy fir ze telefonéiere kënne kréien, awer nach kee Smartphone. Réischt wann ee sécher ka goen, dass d'Kanner d'Gefore vum Internet kennen, kann een hinnen e Smartphone ginn. Déi Maturitéit hunn se awer fréistens mat 12.
Ass d'Decisioun fir en Handy da bis gefall, geet et mat den technesche Preparatioune viru, fir den Ëmgang dermat méi sécher ze gestalten, Jeff Kaufmann vu Bee Secure:
D'Eltere kënnen hire Kanner op hirem Handy en Account maachen, fir eng Handhab ze hunn, iwwert d'Dauer vun der Notzung och vu verschiddenen Apps. Si kënnen och bestëmmten Apps verbidde goen, si hunn och d'Méiglechkeet fir verschidde Contenuen ze blockéieren. An dann ass et awer och ganz wichteg de Kanner ze soen - këmmert iech ëm är Handyen, späert är Handyen, loosst se net anzwousch leien, këmmert iech och drëms fir e Backup vun deenen Donnéeën ze maachen, déi der wëllt behalen an och den Handy à jour ze halen an déi wichteg Sécherheetsupdates ze maachen.
Duerch déi ganz vill Kuerzvideoen, oder "Shorts" riskéiert d'Gehier de Fokus ze verléieren a gëtt mat etleche Reizer zougeschott. De Konzentratiounsverloscht iwwerdréit sech op den Alldag wéi Schoul oder Aarbecht. Aktuell Etüde beleeën dass bei staarkem Konsum de Belounungssystem ähnlech wéi bei Suchtmëttel oder Glécksspiller wierkt, e Phenomen deen och als "TikTok-Brain" bekannt ass.
Et ginn eng ganz Rei un Etüden, déi den Internet an d'Entwécklung op de Mënsch oder op d'Entwécklunge vun de Kanner studéieren, déi soen, dass dat net ëmmer positiv fir d'Entwécklung vun de Kanner ass. Natierlech ass et immens schwéier fir doraus eng Kausalitéit kënne festzestellen.
Als Eltere kann een d'Mediekompetenz vun den eegene Kanner am beschten aschätzen. Wann de jonke Mënsch also prett ass, fir en eegenen Handy, sollt een em Schrëtt fir Schrëtt e responsabelen Ëmgang dermat weisen:
Wat mir ebe soen ass, dass et wichteg ass déi Reegelen opzestellen, wéini an a wéi engem Ausmooss den Handy ka genotzt ginn, elo an der Famill zum Beispill, dass et effektiv awer do Iddie ginn fir beim Iesse keen Handy ze benotzen, t'selwecht och fir ze kucken, dass de Konsum vun Inhalter keen Afloss op d'Schlofverhaalen huet, dass de Schlof net ze kuerz kënnt. Do gi mir Recommandatiounen dass een Owes den Handy virum Schlofegoen op d'Säit leet, beim Kand a bei den Erwuessenen, dass een dee Schlof deen ee brauch awer och kritt.
D'Eltere sinn och beim Gebrauch vu Medien déi wichtegst Virbiller an der Famill. Kanner léiere bekanntlech duerch Nomaachen. Andeems ee mat guddem Beispill virgeet, huet en och eng gutt Chance dem Nowuess d'Mediewelt an hir Risike méi bewosst ze maachen.
© unsplash