D'Präisser vun de Liewensmëttel sinn an de vergaangene Jore staark an d'Luucht gaangen. Fir vill Leit ass dat mëttlerweil dann och eng grouss finanziell Belaaschtung. Ma wann ee seng Kommissiounen strategesch plangt a virauskuckt, kann een all Woch Sue spueren. An dat trotz Inflatioun.

22/09/2025 Deier Liewensmëttel

Ugefaange mam Vergläiche vun de Präisser am Supermarché. Do lount et sech de Basis-Präis pro Kilogramm respektiv 100 Gramm ze kucken éier ee sech fir ee Produit entscheet. De Contenu bei där selwechter Gréisst vu Packaging a Präis ass nämlech dacks ënnerschiddlech. Et ass dann och esou, dass déi meescht Supermarchéen hier gënschteg Hausmarken an den ënneschte Regaler verstauen iwwerdeems déi deier Markeproduiten op Aenhéicht presentéiert ginn. Wie sech béckt, kann deemno deen een oder aneren Euro beim Akafe spueren.

Am Uebst- a Geméis Rayon soll een op Saisonales setzen. Dëst ass an der Reegel méi bëlleg. Och wann et just Wuerzelen oder rout Rommele sinn - och dorausser loosse sech gutt Platen zauberen. A wien direkt beim Produzent oder um Maart keeft, kann deemno wéi vläicht och nach e bëssi spueren.

Selwer maachen, lount sech och! Wien op sougenannte liedereg Zalot oder op fäerdeg Produite setzt, spuert zwar Zäit, muss dofir awer méi bezuelen. Méi gënschteg gëtt et wann ee selwer d'Messer oder de Kachläffel an de Grapp hëlt. Nieft dem Portmonni freet sech iwwregens och d'Gesondheet. A wa mir da scho beim Hausgemaache sinn: Sech doheem säin Iesse fir de d'Aarbecht virzebereeden, gëtt dacks och méi bëlleg wéi ënnerwee e Sandwich an e Coffee to go ze kafen.

Da kann a soll een och op déi Saachen zréckgräifen déi an der Promo sinn. Dofir ass et wichteg dës am Bléck ze hunn. Ëmmer méi Supermarchéë applizéieren dann och d'Anti-Gaspi Konzept a bidde Jughurt a Co zu engem méi niddrege Präis u wa se kuerz virum Oflafe sinn. Och hei kann ee Sue spueren.

A last but not least, gëllt natierlech och nach ëmmer déi gëlle Reegel net mam eidele Mo akafen ze goen. Kléngt vläicht banal mee mécht definitiv Effet. Wann een hongereg duerch d'Regaler spadséiert, dann huet een Tendenz alles an egal wat an de Caddie ze geheien. Eng Akafslëscht hëlleft dann och sech un dat ze hale wat ee wierklech brauch a sech net lenks a riets verféieren ze loossen.

Et ass deemno net schwéier hei an do e puer Euro ze spuere wann et ëm d'Liewensmëttel geet. Alles zesumme mécht herno d'Differenz an der Täsch an erlaabt engem dann och vläicht mol eng kleng Extra Wurscht.