Mat Volldamp iwwert d'Muselstreck, dat ass dëse Samschdeg méiglech: D'Lëtzebuerger Asbl 5519 offréiert Faarten mam Nostalgie-Express tëscht Lëtzebuerg, Pärel an Tréier mat der historescher Damplok 5519 vun der CFL.

26/09/2025 De Musel-Express mat der 5519

Viru méi wéi 75 Joer huet d'Lokomotiv aus laang vergaangenen Zäiten, hire Betrib nees opgeholl. Dem Rapaël Harf, Vizepresident vun der Asbl 5519, deem Veräin, deen d'Damplok Enn den 80er nees restauréiert an op d'Schinne gestallt huet, seng Passioun ass d'Schëppe vu Kuelen an de Feierwôn, grad esou wéi d'Kontroll vum Kesseldrock an dem Waasserstand:

Déi Lokomotiv ass eppes ganz Komesches oder ganz Faszinantes, et muss een déi Technik spieren, dat heescht muss ee sech ganz wäit an engem ongewinnte Mooss fir hautdesdaags an d'Technik era spieren, fir mat hir korrekt ëmzegoen, souwuel beim Fuere wéi och bei der Energieproduktioun, well net ze vergiessen, op der Damplokomotiv ass ee jo säin eegenen Energieliwwerant. Den Heizer, dee mécht jo d'Feier, fir dass déi néideg Energie zur Verfügung steet, fir den Zuch ze zéie, contrairement zu enger elektrescher oder enger Diesellokomotiv, wou d'Energie aus engem Tank oder aus enger Leitung geholl gëtt.

Bildlech kann een sech dat e bësse Virstellen wéi eng Cocotte-Minute, wou Drock entsteet, deen da geholl gëtt fir an den Zylinderen d'Kollwen unzedreiwen.

Et ass zwar e ganz onendlech méi ustrengenden Job, dat kann ee sech haut guer net méi virstellen, mee well et ebe vum Mënsch sou vill verlaangt, ass et ebe flott. Well de Mënsch wierklech mat der Technik muss fusionéieren an op se oppassen. Dat ass haut op enger moderner Lokomotiv guer net méi sou vill de Fall. Déi acceleréiert automatesch, si kann och d'Vitess automatesch halen an dat alles musst dir mat der Dampmaschinn zesumme maachen. Et ass wéi wann der e Gespan mat Päerd bierg op, bierg of féiert. Dat heescht, dir kënnt net einfach op e Knäppchen drécken, mee dir musst kucke wou d'Päerd dru sinn a wéi se reagéieren. An dat ass mam Damp a mat der Damplokomotiv och esou.

De Musel-Express fiert dëse Samschdeg vun der Lëtzebuerger Gare aus op Pärel, dann op Tréier an dono nees zeréck iwwer Pärel an d'Stad. D'Lokomotiv zitt dobäi déi al gréng Waggonen aus dem Joer 1964. Umelle fir eng oder och méi Faarte kënnt der Iech um Site vun der

RTL