© ZLS
Hannert dësem Buch am praktesche Format stécht d'Nathalie Entringer, Linguistin an de Sam Mersch, Historiker vun der Lëtzebuerger Sprooch. Wie sech awer elo hei e klasseschen Duden erwaart, deen iert sech, Nathalie Entringer:
"U sech géing ech soen, dass et eng flott Mëschung tëscht Informatiounen iwwer d'Sprooch, déi deelweis och scho kann e bësse grammatesch sinn awer mir fannen och villes wat eben d'Traditiounen ugeet, vum Kleeschen iwwert d'Kiermes, d'Schueberfouer, awer och d'Kulinarik, eben ëmmer awer Verbindung mat Sprooch. Et ass och u sech dat, wat déi Rei do auszeechent, dass ee probéiert sou Lienen ze maachen tëscht Sprooch, Traditioun an der Kultur. Ech mengen, et ass eng flott Rees duerch, duerch eis Sprooch an duerch eist Land."
Dës Publikatioun weist, datt d'Lëtzebuergesch Sprooch net nëmmen eng lieweg Sprooch ass, mä och eng wichteg Plaz an eiser méisproocheger Gesellschaft anhëlt. Och wann et hei ëm d'Lëtzebuerger Sprooch geet, ass d'Buch awer op Däitsch geschriwwen an esou och fir den däitsch-sproochege Raum accessibel.
"Et fënnt een och ganz vill lëtzebuergesch Wierder an Ausdréck am Buch, déi natierlech dann och op Däitsch iwwersat goufen a mir hunn zum Beispill drop opgepasst, dass eis Titelen, also d'Iwwerschrëfte vun deene verschiddene Kapitelen awer och ëmmer op Lëtzebuergesch sinn, also d'Leit sollen u sech och, wann se Lëtzebuergesch wann se Lëtzebuergesch kennen. kennen, mee just vill mat der Sprooch do a Kontakt kommen."
D'Buch ass dann och esou opgezunn, dass et Spaass maache soll dran ze bliederen:
"Et ass lo net wéi wann een do géing erschloe gi vun Text, mir hunn och nach flott Illustratiounen dran. Ech géing soen, een, deen nach guer näischt wierklech mat der Sprooch ze dinn hat, deen gëtt natierlech immens vill Neies gewuer, een, deen scho bëssen eppes weess, ech denke souguer deen Gesäit awer och, dass e vläicht dat een oder anert nach net wousst, also zumindest ass dat mol meng an och dem seng Hoffnung."
"Lëtzebuergesch: Vom Schnëssen und Schneeken" gëtt et zanter e Méindeg souwuel an de Librairie wéi awer och online ze kafen.