© ZLS
Mat der Iddi, béid Komponente vun der moderner digitaler Sproochveraarbechtung – Sproocherkennung a -synthees – op enger zentraler Plattform zesummenzebréngen, huet den Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) dëst Joer sproochmaschinn.lu an d’Liewe geruff. Daniel Wagener vum ZLS:
"Do hu mer engersäits d'Schreifmaschinn wéi mir se nennen, dat ass e sougenannten „Speech-to-Text-Programm“, anescht gesot e Programm, deen de Sprooch ze verschrëftlechen. An dat kann ee maachen andeems een entweeder live an de Mikro schwätzt oder wann een vläicht eng Opnam huet déi ee schonn am Viraus opgeholl huet, da kann een déi eroplueden an da kritt een déi automatesch transkribéiert. An dat a verschiddene Formater, déi een och kann eroflueden a weiderverwäerten, wann een dat wëll."
Nieft der Schreifmaschinn déi et schonn zanter 2022 gëtt, fënnt een op der online Plattform zanter Ufank vum dëst Joer dann och nach d'Liesmaschinn:
"D'Liesmaschinn ass u sech, vereinfacht gesot, dat nämmlecht just deen anere Wee. Dat heescht, et gëtt een en Text an de kritt ee virgelies. Dat nennt een Text-to-Speech, dat heescht, et kann een den Text aginn an da kritt een dat vum Computer virgelies. Dat ass natierlech elo en éischte Prototyp dee mer entwéckelt hunn, deen, wéi mer fannen, scho relativ gutt funktionéiert. Et bleift awer en éischte Prototyp dee mer och weiderentwéckelen, dee méi performant gëtt, deen awer nach net perfekt ass, notamment deet e sech mat Friemwierder schwéier, mee dat ass eppes wat mer um Schierm hunn a wou mer och konkret dru schaffen, fir dass dat an Zukunft nach besser gëtt."
Zwou ganz hëllefräich Funktiounen déi engem den Alldag kënne vereinfache wann et ëm d'Lëtzebuerger Sprooch geet. Surft einfach mol laanscht op sproochmaschinn.lu.