© Shutterstock/wort.lu
Ëm déi 3000 Aschreiwungen huet eleng den INLL, den Institut national des langues Luxembourg, dëst Semester fir d'Lëtzebuergesch Coursen. Dat si ronn 500 Aschreiwunge méi wéi fir dat selwecht Semester lescht Joer.
Wien dat elo alles op de Kont vun der Nationalitéit setze wëll fir déi ee jo e Sproochentest maache muss, iert sech, Luc Schmitz:
"Et ass jo richteg, datt ee muss Lëtzebuergesch schwätzen, fir d'Nationalitéit ze kréien. D'Nationalitéit ass awer, wann ee mat de Leit schwätzt an a mir maachen och reegelméisseg sou Ëmfroe bei de Leit, wierklech net den Haaptgrond firwat se Lëtzebuergesch léieren an dee gëtt wierklech réischt op drëtter oder véierter Plaz genannt. An dat mierkt een och an eisen Aschreiwungen, well fir d'Nationalitéit ze kréien, muss ee jo den Niveau A2 an der mëndlecher Produktioun hunn an den Niveau B1 am Verstoen. Mee mir hunn och nach ganz vill Coursen déi iwwert déi Niveauen do rausginn."
D'Grënn firwat ëmmer méi Leit sech fir eis Sprooch interesséiere respektiv dës léiere wëllen, sinn also och anerer an där fënnt ee souwuel am professionelle wéi am private Beräich. Luc Schmitz vum INLL:
"Privat ass d'Integratioun natierlech ganz kloer. D'Leit wëllen mat hirem Noper, hirer Nopesch op Lëtzebuergesch kommunizéieren. D'Leit wëllen an hire lokale Commercen Lëtzebuergesch schwätzen, an hire Veräiner, och mathëllefen an do spillt d'Sprooch awer ëmmer rëm eng grouss Roll. Wat een och ëmmer rëm héiert, ass, datt och vill Leit Lëtzebuergesch léiere, fir hir Kanner ze verstoen."
Donieft ass et fir vill Leit och eng Fro vu Respekt fir d'Sprooch vum Land ze léieren am deen si liewen. Professionell gesinn, ass et och wichteg d'Sprooch ze kënnen:
"Éischtens mol Leit, déi villäicht keng Aarbecht hunn. Wann een e bëssen d'Annonce kuckt, do gëtt Lëtzebuergesch ëmmer méi gefrot, dat heescht Leit léiere Lëtzebuergesch fir besser Chancen um Aarbechtsmarché ze hunn. An déi Leit déi scho schaffen, déi léieren eebe Lëtzebuergesch fir op hirer Aarbechtsplaz vläicht besser mat de Clienten oder Aarbechtskolleegen ëmzegoen. Do ginn et och ganz vill, ganz vill Grënn, firwat ee Lëtzebuergesch aus professionelle Grënn léiert."
Nach kritt den INLL d'Demande gestemmt, ma et preparéiert ee sech awer well drop fir d'Offer héchstwarscheinlech scho kënne fir d'Rentrée nächst Joer auszebauen andeems een nei Raimlechkeeten zu Ettelbréck kritt.