Wann dir elo nach op der Sich no engem ganz speziellen Afterwork dësen Donneschden, den 2ten Oktober sidd, dann hu mir eppes fir iech. Et geet nämlech mam Tram iwwert de Kierchbierg vu Restaurant zu Restaurant.

30/09/2025 Tram Crawl: eng kulinaresch Rees iwwert de Kierchbierg

De Grupp Manso huet hei zu Lëtzebuerg eng 11 Etablissementer, dorënner eng ganz Partie Restauranten um Kierchbierg. Zanter datt den Tram elo do ënnerwee ass, huet ee sech geduecht, datt een um Boulevard Kennedy kann eppes ganz Extraes afale loossen. Fir déi 4te Kéier invitéiere sie elo op den Tram Crawl. Um 18h30 oder um 19h00 geet et en Donneschde lass. De Yannis Xydias mat Detailer.

Le Tram Crawl commence en face de Auchan Kirschberg, dans le restaurant Il Tocco. C'est un restaurant italien. Donc on va commencer par un aperitivo italien avec quelques focaccias, quelques spécialités italiennes. Ensuite, changement d'univers, on va dans un sports bar américain. Il y aura des chicken wings, du finger food, de la bière. Et ensuite, voilà, étape après étape, on aura de l'espagnol, du portugais, un peu de musique pour danser, des burgers, un petit barbecue dehors et finalement, voilà, un after party avec des DJ et des shots.

Et ass elo déi 4ten Editioun, an et gëtt wei gesot op all Statioun eppes ze iessen an och ze drénken. Et ass eng Méiglechkeet nei Restauranten an och nei Leit kennenzeléieren. Op tram.manso.lu kann een sech seng Ticketen huelen.

Les places sont très limitées parce que chaque fois, on est sold out. Heureusement, on a encore quelques tickets early bird qui restent. Les tickets sont en vente sur notre site. On vend des tickets en ligne, ça commence à dix-neuf euros quatre-vingt-dix. Ça dépend un peu du pack que vous choisissez. On a aussi des tickets VIP avec les boissons inclus pendant tout le trajet, pour ceux qui veulent vraiment faire la fête. Et euh, c'est des groupes decinquante  et cent personnes. Vous choisissez l'heure de départ, un peu comme l'avion, vous faites le check-in et après, l'aventure commence.

5 Restaurante kann een also entdecken, de Schluss ass dann am Main an der Stad, do kann da mat DJ bis an d’Nuecht erageféiert ginn. De ganzen Owend iwwert wäerten d’Restauranten awer normal weider funktionéieren, en Deel ass awer ëmmer fir dës Tram-Experience reservéiert. De Fabio Fajardo, Operatiounsdirekter vu Manso-Group.

Mir haten dat elo viru fënnef Joer eng Kéier ugefaangen  wou mir eis Restaurant hei um Kierchbierg opgemaach haten. An vu datt den Tram och komplett nei war, hate mer eis iwwerluecht mam Tram eppes ze maache fir dass jiddweree eis Restaurante kenne léiert an eis kulinaresch Kichen, well déi sinn och zimmlech versatile. Et wëll heeschen all Kichen ass komplett aneschters an dëst Joer hu mer et erëm fir d'4. Kéier ugefaangen.

Vun 19,90 Euro u kritt der Ticketen ze kafen oder dir spillt elo mat hei um Radio a gewannt 2 VIP Ticketen. Do ass d’Iessen a Gedrénks illimités inclus. Dofir musst der mer einfach soen, bei wéi engem Restaurant den Tram Crawl ufänkt. Schéckt mer déi richteg Äntwert op de 62468 fir 50 Cent de Message.