D'Faszinatioun vum Geméis selwer plécken a recoltéiere läit an der direkter Verbindung mat der Natur, der Freed u frëschen an héichwäertege Liewensmëttel an dacks och um sozialen Erliefnes vu Famill a Gläichgesënnten. Derbäi kënnt natierlech och de Léiereffekt an d'Entschleunegung, déi fir vill Leit, besonnesch ouni eegene Gaart, d'Recolte nach méi attraktiv maachen.

07/10/2025 Hierschtzäit - Vum Buedem an de Kuerf: Kalbasse selwer plécken

Um Haff A Lill zu Keespelt, nëmmen e puer Minutte vun der Stad, gëtt den Hierscht gefeiert. An zwar mat Kalbassen an alle Formen a Faarwen an dat bescht ass: Et duerf een se selwer plécken, Franky Peller:

Jo, genau. Also et si ganz vill Famillen, déi bei eis kommen, déi sech do eeben hire Spaass doraus a maachen an ee Mëtteg oder deelweis bal ee ganzen Dag hei verbréngen, eeben andeem se se sech dee schéinste Kürbis eraussichen, andeems se, jo, einfach Spaass derbäi hunn, bei deem wat se maachen. En plus muss ech soen, dat gefält mir un eisem System nämlech enorm ganz gutt, datt och Kanner eeben, net nëmmen bei de Kürbis, mee bei de Muerten, beim Geméis gesi wéi et wiisst, datt se och nach ëmmer eng Kéier léiere wéi een dat pléckt oder dat eraushëlt.

RTL

© miSchons

Et ass d'Kombinatioun vu Regionalitéit, Nohaltegkeet a ganz vill Häerzblutt, déi den Haff A Lill esou besonnesch mécht.

Ganz éierlech, dëst Joer hätte meng Kürbisse scho kéinte bëssi éischter recoltéiert ginn, well se schonn éischter zeideg waren. Natierlech eeben, well mir d'Konzept hu vun selwer recoltéieren an an deem d' Leit elo eréischt de Spaass dru fannen oder elo mat dem schmuddelege Wieder éischter erëm Zoppe gekacht ginn oder d'Leit iwwerhaapt op d'Iddi kommen, Kürbissen ze huelen, geet natierlech elo duerch eist Liewen, elo eréischt d'Saison esou richteg lass.

RTL

© miSchons

Hei wiisst net einfach déi Kalbass, ma hei wuesse verschidden Zorten, vu klassesch bis kuriéis. Wie wëllt hëlt sech e Kuerf oder eng Schubbkar a sicht sech seng Favoritten aus.

Et gëtt Zierkürbissen, soen ech emol, deen d'Boomche sech doheem op den Dësch leet. An natierlech Iesskürbissen, mir perséinlech muss ech soen, si lo relativ schwaach an den Zierkürbissen, well eebe bei eis déi Demande net grad esou héich ass. Mir hu virun allem Halloween awer och eng ganz Panoplie un Iesskürbissen. Mir hunn dëst Joer uganks 20 verschidden Zorte geplanzt. Natierlech, den Halloween Kürbis ass nach ëmmer deen, dee bei eis extreem erausstécht, well dat einfach am meeschte gefrot gëtt.

A wie mengt hei gëtt et nëmme Kalbass, deen iert, och frëscht Geméis wéi Muerte, Gromperen, Zalote gëtt et direkt vum Feld, Kraider aus dem Gaart oder am klengen Haff-Butték. Alles regional, alles saisonal. Hierscht bedeit hei: Eraus aus dem Alldag, eran an d'Gummisstiwwelen a genéissen.

RTL

© miSchons

RTL

© miSchons