Wann der mengt mam Kalbassefeld, wou mer virdru ware, wär et scho fäerdeg, da waart mol of bis der an de Maislabyrinth andaucht. Hai fänkt nämlech den Hierschtspaass réischt richteg un. Eng grouss Fläch huet d'Famill Peller an hiert Team hei ugeluecht, wat net nëmmen fir déi Kleng eng Aventure ass.

07/10/2025 Hierschtzäit - Halloween am Maislabyrinth

Verwénkelt Weeër, héich Maueren aus Maisplanzen an dertëscht kleng Iwwerraschungen, dat erwaart een am Halloween Maislabyrinth. Wéi vill Aarbecht stécht dann derhannert, fir esou e Maisfeld ëmzegestalten, Franky Peller vum Haff A Lill zu Keespelt?

Mir hunn eis et, soe mer emol, nach einfach gemaach. Mir hu ganz klassesch de Mais geplanzt, wéi een an der normaler Landwirtschaft. A wou en dunn eng gewëssenen Héicht hat, datt en awer nach iwwerschaubar war, si mir eeben derduerch gaang an hunn eis Weeër erausgeschnidden. Do war de Mais, jo, en hallwe Meter héich oder esou. Soudatt mer scho gutt kéinte gesinn, wou een ënnerwee war.

RTL

© miSchons

De Labyrinth ass net just eng Attraktioun, en ass Deel vun der Philosophie vum Haff a geet mat der Natur: Amplaz Schockeffekter gëtt et eng Familljefrëndlech Atmosphär.

Also mir hunn eis zwou, dräi Saachen iwwerluecht. Dat eent ass natierlech, fir d'Kanner bei der Staang ze halen, hu mer e klengt Stempelspill, da kann ee vir an der Entrée eng Käertchen huelen, wou een da Stempel siche muss, déi dann iwwerall duerch d'Labyrinth verstoppt sinn. Dat Zweet ass e puer esou kleng Installatiounen, eeben zum Theema Halloween. Et ass awer éischter, soe mer witzeg, wéi datt een do muss mengen, et misst een Angscht hunn. Et soll jo fir Kanner sinn. Mir wëllen elo net, datt déi heem ginn a kräichen a se trauen sech net méi bei eis an d'Feld zréck, et sinn éischter e bësse méi witzeg Saachen.

Hierscht um Haff a Lill ass awer méi wéi nëmme Kalbassen a Labyrinther et ass eng Plaz wou Natur a Gemeinschaft openeen treffen, dee weisst: Halloween muss net haart a kënschtlech sinn, ma et dierf och echt a lokal sinn.

RTL

© miSchons

RTL

© miSchons

RTL

© miSchons