© miSchons
D’Hierschtzäit um Haff A Lill zu Keespelt ass eng Zäit fir matzemaachen an d’Natur z'erliewen. Hei geet et net nëmme drëm, Kalbassen a Geméis ze plécken, ma och drëms, d’Verbindung mam Buedem an de Produzenten nees ze spieren.
Et ass d'Mëschung aus Regionalitéit, Nohaltegkeet an Häerzblutt fir den Detail, déi de Betrib vun der Famill Peller esou besonnesch mécht. Hei wiisst alles mat vill Léift – a wie wëll, hëlt sech eng Schubbkar a sicht sech seng eege Kalbassen eraus. Franky Peller:
Jo, genau. Also et si ganz vill Famillen, déi bei eis kommen, déi sech do eeben hire Spaass doraus a maachen an ee Mëtteg oder deelweis bal ee ganzen Dag hei verbréngen, eeben andeem se se sech dee schéinste Kürbis eraussichen, andeems se, jo, einfach Spaass derbäi hunn, bei deem wat se maachen. En plus muss ech soen, dat gefält mir un eisem System nämlech enorm ganz gutt, datt och Kanner eeben, net nëmmen bei de Kürbis, mee bei de Muerten, beim Geméis gesi wéi et wiisst, datt se och nach ëmmer eng Kéier léiere wéi een dat pléckt oder dat eraushëlt.
© miSchons
D’Recolte um Haff ass also net nëmmen en Erliefnes – et ass eng kleng Entschleunegung. A wéi wann dat nach net genuch wier, geet d’Aventure duerno weider, just e puer Meter niewendrun, am grousse Maislabyrinth. Hei gëtt d’Natur zur Spillplaz:
Also mir hunn eis zwou, dräi Saachen iwwerluecht. Dat eent ass natierlech, fir d'Kanner bei der Staang ze halen, hu mer e klengt Stempelspill, da kann ee vir an der Entrée eng Käertchen huelen, wou een da Stempel siche muss, déi dann iwwerall duerch d'Labyrinth verstoppt sinn. Dat Zweet ass e puer esou kleng Installatiounen, eeben zum Theema Halloween. Et ass awer éischter, soe mer witzeg, wéi datt een do muss mengen, et misst een Angscht hunn. Et soll jo fir Kanner sinn. Mir wëllen elo net, datt déi heem ginn a kräischen a se trauen sech net méi bei eis an d'Feld zréck, et sinn éischter e bësse méi witzeg Saachen.
Den Halloween-Labyrinth ass méi wéi just eng Attraktioun: en ass Deel vun enger Philosophie, déi weist, datt och Halloween natierlech, lokal a familiär ka sinn. Hierscht um Haff A Lill - dat heescht: eraus aus dem Alldag, eran an d’Gummisstiwwelen, an d’Freed un der Natur nei entdecken.
© miSchons