Haut um Dag vun der mentaler Gesondheet, riichte mer eise Bléck op eng Organisatioun, déi sech hei zu Lëtzebuerg zanter Joerzéngte fir Mënsche mat psychesche Problemer asetzt: D'Ligue Luxembourgeoise de Santé Mentale. Hire But: Nolauschteren, ënnerstëtzen a begleeden, dass Leit déi mental Schwieregkeeten hunn, net eleng gelooss ginn.
Et si vill Leit betraff, dofir ass et och ëmsou méi wichteg, dass méi driwwer geschwat gëtt. D'Psychotherapeutin Elisabeth Seimetz vun der Ligue erkläert:
Et gi sécherlech nach ëmmer Beräicher an der Gesellschaft, wou et en Tabu-Theema ass. D'Gefill ass e bëssen, dass déi Jonk éischter iwwert d'Sujete wëlle schwätzen, mä et ass awer nach ëmmer net einfach, well och eleng duerch d'Krankheetsbiller oft d'Gefiller vun - dass ee sech schummt mat dobäi kommen, dass ee sech schëlleg fillt, dass ee mengt, et misst een dat dach selwer kënnen an dat bréngt einfach mat sech, dass een och vläicht net wëll driwwer schwätzen an net wëll jugéiert gi vun deenen aneren.
D'Ligue offréiert Hëllef an 3 grousse Beräicher: Informatioun, Preventioun a Weiderbildung. Hei geet et ëm Opklärung a Schoulen, op der Aarbecht oder an der Ëffentlechkeet. An der Behandlung sti professionell Teams aus Psychologen an Assistants Socialen zur Säit fir eng ëmfaassend Versuergung. Da gëtt et och déi sozial Integratioun, bei där Mënschen zeréck an den Alldag begleet ginn:
Genau, also d'Ligue huet effektiv dann eng ganz Bandbreet u Servicer, wou een och méi nidderschwelleg kann den Accès kréien, wéi zum Beispill, dass een eng Taass Kaffi drénke kënnt an dann de Kontakt kritt, den Austausch kritt, eeben och einfach uruffe kann, fir e Rendezvous ze kréien, wou een och elo net muss justifizéieren oder scho muss wësse wat een huet ier een de Rendezvous da kritt. Mä et ass effektiv ëmmer net einfach an et ass natierlech de Schrëtt och ze maachen.
Psychesch Gesondheet betrëfft eis all, fréier oder spéider. Mam richtegen Entourage an der néideger Ënnerstëtzung ass en erfëlltent Liewen trotzdeem méiglech.Onofhängeg vun Hierkonft Akommes oder sozialem Status.
Bei alle psycheschen Erkrankungen huet een ëmmer ganz, ganz vill Facteuren, déi matspillen, dass eng Krankheet ausbrécht an ech denken, dass déi Schnelliewegkeet sécherlech matspillt, an déi aner Saache spillen och alleguerte mat, also Krise spille mat, d'Ufuerderunge spille mat, d'Sozial Medien, all déi Saachen, dat sinn alles Facteuren, déi, wann een sech esou e Faass virstellt, wat sech lues a lues fëllt an iergendwann leeft et iwwer. An deene leschte Jore ware ganz vill Saachen, déi e Faass gefëllt hunn.
Ënnerstëtze kann een e Betraffenen oder e Familljemember och an deem een en Éischt Hëllef Cours an der Santé Mentale mécht, dee vun der Ligue organiséiert gëtt. Wéi dat funktionéiert, dat gi der no hallwer 12 gewuer.