Wann ee fält a sech wéi deet, da wësse vill Leit direkt, wat ze maachen ass: Plooschter, Verband oder Noutruff. Ma wat ass, wann ee psychesch leit? Genee hei setzt e spezielle Cours un, deen d'Ligue Luxembourgeoise de Santé Mentale offréiert: en éischt Hëllef Cours fir mental Gesondheet, oder kuerz MHFA - Mental Health First Aid.
But ass et, fir Mënsche fit ze maachen am Ëmgang mat psychesche Krisen - ob am privaten Ëmfeld an der Schoul oder op der Aarbecht, baséiert op engem internationale Konzept. Elisabeth Seimetz. Psychologin an der Ligue Santé Mentale:
Et si schonn iwwer 8 Millioune Leit op der Welt, déi dëse Cours matgemaach hunn. A mir hunn och hei zu Lëtzebuerg bal 10.000 Leit, déi de Cours matgemaach hunn. Wat een éischter reagéiert an d'Problematiken éischter erkennt, wat d'Warscheinlechkeet méi héich ass, dass et net chronesch gëtt an dass et net esou laang dauert. Wann ech zum Beispill eng Depressioun ganz fréi erkennen a mer fréi Hëllef siche ginn, dann dauert déi Episod manner laang an et ass manner warscheinlech, dass ech nach eng Kéier kréien. An do hu mer ganz, ganz vill gewonnen, wa mer séier reagéieren.
Psychesch Erkrankungen erkennen, heescht och respektvoll an oppen op de Betraffenen zouzegoen, a Krisesituatioune roueg a richteg ze handelen a professionell Hëllef ze vermëttelen, ouni selwer mussen Therapeut ze sinn.
Mer wëssen awer och, dass duerch dee Cours u sech déi stigmatiséierend Astellungen erofginn, einfach well ee vill Informatioune kritt an och driwwer diskutéiert, wat heescht dat, wann ee betraff ass. An do weess een à long terme, dass aus anere Länner an enger Gesellschaft déi stigmatiséierend Astellung zréckgeet an och, dass d'Wëssen iwwer psychesch Erkrankungen eropgeet. A wat eng Gesellschaft méi e grousst Wëssen huet iwwer Erkrankungen, also wat d' Leit sech éischter Hëllef siche ginn an och Traitementer an Usproch huelen, wat dann am Endeffekt zu enger méi gesonder Populatioun féiert.
Bei der Ligue ginn et 3 Éischt Hëllef Coursen, zum engen den "Teen", deen an de Schoulen ugebuede gëtt, dann de ''Youth'', wann ee Jugendlecher wëll ënnerstëtzen an de ''Standard'' fir Erwuessener z'ënnerstëtzen, wou et als éischt mol drëms geet, wéi een eng psychesch Erkrankung erkennt:
An do hu mer sou ee Plan d'Action, deen heescht Roger, wou et fir d'éischt drëm geet ze reagéieren, d'Persoun unzeschwätzen, dann oppen nozelauschteren, d'Persoun net ze jugéieren, Informatiounen ze ginn, praktesch Hëllef emol ze ginn, wann dat gebraucht ass, dann z'encouragéieren, dass d'Persoun sech professionell Hëllef siche geet, wann dat sënnvoll ass, an dann och d'Ressourcë vun der Persoun reaktivéieren, déi wichteg sinn a kënnen hëllefen, fir séier aus enger problematescher Situatioun erauszekommen.
Éischt Hëllef ass also net nëmme Plooschter a Verband, ma heiansdo einfach e Gespréich, en oppent Ouer an e Rot zur richteger Zäit. Wann der méi iwwer de Mental Health First Aid wëllt gewuer ginn, da klickt op de Site vun der Ligue Santé Mentale: