Gëschter, een Dag nom Trounwiessel, huet de Grand-Duc Guillaume den Tour duerch d'Land gemaach an huet op verschiddene Plazen Halt gemaach. Sou och zu Stengefort wou en am Spidol d'Personal aus dem Gesondheetssecteur an och Patiente besicht huet. D'Freed war deementspriechend grouss hei. D'Nicky Soisson war mam Mikro do an huet vill glécklech Gesiichter gesinn.

05/10/2025 CUT Visitt Grand-Duc Stengefort

Eng Visitt deemno déi ville Leit nach ganz laang wäert an Erënnerung bleiwen.