© Nina van Maris
Wanderen, en Hobby dat déi lescht Joren och ëmmer méi jonk Leit unzitt. Sou och d'Nina van Maris, bekannt op Instagram ënnert living cloverleaf. Hier Passioun fir d'Wanderen huet no enger laanger Krankheet ugefaangen.
D'Loscht an och d'Bedierfnes sech grad no dëser schwéierer Zäit en Challenge ze setzen, huet déi jonk Fra dozou bruecht, sech virun 3 Joer fir en Trip vun 3 Wochen an den Dschungel, méi prezis a Panama, unzemellen. Dat mat enger Grupp vu Leit déi si absolut net kannt huet. Dëst war eng Experienz déi d'Nina esou markéiert huet, dass si fir sech decidéiert huet, esou eppes och hei am Land unzebidden an ëmzesetzen. An esou war d'Iddi vu Wandertripps an der Grupp gebuer. Nina van Maris:
"Ech gi gären an d'Welt eraus mee net eleng. Ech hunn ëmmer meng Grupp dobäi déi ech vu Wandertripp zu Wandertripp ëmmer änneren. An ech sichen ëmmer erëm passionéiert Leit déi wëllen dobäi si well bei eis ass et net nëmme Wandere mee et ass eng Gemeinschaft déi och vill Spaass zesummen huet, déi schéi Momenter huet an déi wa se heem kënnt, seet wow, dat dote wëll ech nach eng Kéier maachen."
A sou engem Grupp fënnt een dann och ni méi wéi 14 Leit an dat vu verschiddenen Alterskategorien. Angscht net nozekommen, brauch ee bei dësen organiséierte Wandertripps iwwregens net:
"Och wann een e bësse méi lues ass, ass dat bei eis ganz egal well mir wanderen och net schnell. Zu véierzéng Leit kanns de och net schnell wandere well da seet deen Ech muss eppes drénken oder ech muss mäi Schong strecken, an deen ech muss meng Hoer eng Kéier lassmaachen oder wat och ëmmer. Ech setze mir ni eng Auerzäit, wou mer solle fäerdeg sinn. Ech siche mir ëmmer Wanderungen eraus wou et vill ze kucke gëtt an dofir daueren d'Wanderungen och sou laang, dofir gi mir och net sou séier an dofir brauch och net jidderee sou fit ze sinn."
Nieft de Vogeesen, der Schwäiz, Éisträich, Holland a Madeira geet et och dacks an d'Belsch well et net wäit ass. An dat da fir e Weekend mat Iwwernuechtung. Hei gëtt nieft dem Wanderen och zesumme gekacht, gespillt a wéi gesot vill gelaacht. An dat ass eng Erfarung déi een, dem Nina no, definitiv eng Kéier sollt gemaach hunn:
"Well ech di Erfarung zu Panama gemaach hunn an ech genee weess wéi schéin et ass wann een nei Leit kenne léiert déi zu engem Genre Famill gi wou et engem guer net bewosst war, dass et sou kéint ginn. An einfach aus dem Alldag flüchten, alles vergiessen, a mat Leit schwätzen déi een a sengem Liewen nach ni gesinn huet an op eemol vertraut een deenen einfach alles un."
Wann och Dir Loscht hutt eng Kéier mat dobäi ze sinn, da sicht op Instagram no "living cloverleaf". Do ginn déi nächst Wandertripps ëmmer ugekënnegt an et kann ee sech duerch Fotoen a Videoe vu vergaangene Wanderungen eng Iddi maache wat een hei erwaart.