Zanter leschtem Mëttwoch kann een 1 mol d'Woch an der Sportshal zu Eschduerf zesumme jongléieren. D'Iddi ass et Leit zesummen ze bréngen déi dee selwechten Interessi hunn an dat awer net wëllen eleng doheem maachen.

15/10/2025 De Jongléier Club

Et limitéiert ee sech och net nëmmen op Bäll. Marc Strasser vun der Asbl Maach keen Zirkus:

"Et kann ee mat mat Bäll jongléieren, Dicher, Keelen. Et kann een awer och mam Diabolo spillen oder mat esou Flowersticks oder Poi-Swing oder eben alles, wat een an d'Luucht ka schéissen a rëm ophänken."

Wann ee kee Material huet, ass dat och net schlëmm:

"Ech hunn u sech ganz vill verschiddent Material wat ech ëmmer matbréngen an da kann een dat natierlech probéieren an testen. Do ginn et zum Beispill och ganz vill verschidden Zorte Bäll an Diaboloen an esou. An da wann ee Loscht huet, kann een och selwer eppes kafen. Oder vläicht huet ee jo och schonn eppes, dat kann ee matbréngen. Mee wann een näischt huet, da soll dat elo kee Krittär si fir net ze jongléieren."

Bei e bësse Musek an enger relaxer Ambiance gëtt all Mëttwoch Owend ab 19 Auer wärend annerhallwer Stonn zesumme jongléiert.

"Wann een elo awer e bësse méi spéit kënnt, ass dat och kee Problem oder och wann een éischter wëll goen. Ech probéieren dat ëmmer sou ganz flexibel ze halen. An och wann ee just een oder zwee Mol kënnt oder onreegelméisseg, dat ass am Fong alles egal. Et geet just drëms, dass eng, eng Offer do gëtt an dass ee weess, dass een do kann hi kommen."

De Jongléier Club deen iwwregens gratis ass, ass fir jiddereen, egal ob jonk oder al, grouss oder kleng. Kanner ënner 12 Joer sollen allerdéngs a Begleedung vun engem Erwuessene sinn.

"Et geet eben drëms, dass een déi am Ufank net eleng léisst. Wann ech awer gesinn, dass déi gutt fläisseg sinn, da kënnen di och herno eleng bleiwen. Et geet eeben drëms ze verhënneren, dass déi, dass do keng Spillplaz entsteet."

Wann och Dir interesséiert sidd mat ze jongléieren, da gitt den Owend einfach mol bis dohinner kucken oder mellt Iech iwwert Whatsapp beim Marc Strasser vu "Maach keen Zirkus".

Whatsapp Grupp: +352 661 808 920