
© Michiel Devijver
Wie Loscht op e bëssen zäitgenësseschen Zirkus huet, dee kann déi belsch Compagnie "Be Flat" mat hirer Show "Living" vum 23. bis de 26. Oktober live an der Stad erliewen.
No hirem grousse Succès dëst Joer um Festival PICelectroNIC zu Bouneweg, hunn d'Rotondes déi ganz Trupp nach eemol op Lëtzebuerg invitéiert. Dës Kéier an en Altersheem. Wat een hei erwaart, erkläert de Philipp Michels vun de Rotondes:
"Et ass eng speziell Aart a Weis vun Zirkus well d'Stéck "Living" vun Be flat halt ëmmer ugepasst ass am Fong un de Raum, wou et stattfënnt. An dësem Fall ass dat eng Maison de Retraite, mee si hunn zum Beispill och schonn a Caféen opgetrueden, a Prisongen, a Schoulen, Bibliothéiken, also wierklech vu bis. An d'Stécker ass am Fong esou e Projet, deen sech ëmmer weiderentwéckelt an u sech och ni d'selwecht ass well et wierklech komplett ugepasst ass net just un de Raum, mee och un d'Leit déi normalerweis do liewen oder sinn, an a Funktioun dovunner ass dat Stéck ëmmer eng nei Experienz."
Natierlech kann een hei Akrobaten, ma och Museker a Schauspiller hautno erliewen an dat an enger Show vu ronn 40 Minutten. Ma schonn eleng Zirkus an engem Altersheem ze erliewen, geet net all Dag. Deemno wäert dat schonn en Erliefnes ginn:
"De But vun deem Spektakel ass am Fong, normal Raimlechkeeten komplett ëmzefunktionéieren an an en Zirkus ze verwandelen, an dat heescht halt och eng gewëssen Intimitéit, bezéiungsweis Proximitéit mat de Visiteuren - sief dat elo d'Residenten oder Leit vu bausse kucke kommen - an kann sech schonn drop astellen, dass vläicht deen een oder aneren viru sengem Aen op sengem Dësch e klengen Handstand gesäit oder een op den Aarmleenen e bësse ronderëm danzt. Dat Ganzt ass natierlech vun komplette Profie gemaach, also keng Suerg, dass do iergend eppes geschitt. Mee dat geet schonn eppes Besonnesches."
Nieft direkt e puer Virstellungen um Donneschdeg a Freideg déi fir d'Schoulkanner an d'Maison relais reservéiert an och schonn ausgebucht sinn, ginn et awer och nach Representatioune fir de Grand-Public.
"E Freiden um 19:00 Auer ass déi éischt tout Public Virstellung. Dann hu mer Samschdes nach eng Kéier zwou Virstellungen, eng um 16:00 an eng um 19:00 Auer, an e Sonnden nach eng Kéier eng um 15:00 an eng um 18:00 Auer, Do musst Dir just op rotondes.lu goen an Iech Ticket kafen. Natierlech sinn 20 Plaze fir d'Residente vum Konviktsgaart reservéiert an de Rescht ass op fir jiddereen dee komme wëll."
Dohinner kënnt een am beschte mam ëffentlechen Transport oder ze Fouss, well d'Parkplazen op der Plaz si limitéiert.
Weider Informatiounen an Tickete ginn et hei: