Ëmmer méi gëtt de Lëtzebuerger fir Shows op Croisièresschëffer gebucht. Sou war hien ënnert anerem schonn an der Arktis an an Australien ënnerwee. Eriwwer bei eng jonk Fra, déi fir hiren Niewenjob d'Haus net verloosse muss. An och bei hir huet et wärend dem éischte Lockdown ugefaangen, wéi d'Fabienne Rausch sech direkt no der Première freet, wat een dann elo mat der ganzer Zäit ufänke soll.
Momentan publizéiert si just a nennt sech selwer net Auteur. Ma den Ament schafft d'Fabienne Rausch un hirem éischte Kannerbuch, wou hiren Hond d'Haaptroll iwwerhëlt. Vun Doheem aus schafft mëttlerweil och d'Giorgia. Grouss ginn ass si an der Gastronomie. No enger schwiereger Krankheet entscheet si sech fir en Job am Erotikberäich. Si verkeeft Fotoen a Videoe vu sech un Zuschauer a geet dobäi gären op d'Wënsch vun hire Clienten an. Ma de Beruff, deen gären als séier verdéngte Sue gesi gëtt, wier net ze ënnerschätzen, sou d'HappyGio.
D'HappyGio huet eis och am Kader vum Sonndesinterview méi vun hirer Aarbecht, hirer Clientèle an de Geforen erzielt. Dëse kënnt Dir wéi gewinnt muer de Moien op RTL.lu liesen.