Dëse Sonndeg mécht di international Charity Aktioun "Drive for Miles" Statioun zu Lëtzebuerg. Zu Mamer ass dat, an et ass eng Charity Tour fir kriibskranke Kanner eng kleng Freed ze maachen.
Wann e Sonndeg de Rallye "Good Ride" zu Mamer beim Schlass gestart gëtt, da geet et net ëm Vitesse mee wierklech just em eng gutt Saach. "Drive for Miles" asbl steet hannert där Aktioun. Hire President Guy Flener erkläert?
Drive for Miles ass eng Asbl hei zu Lëtzebuerg, wou mir als But hunn kriibskrank Kanner an d'Autoen ze sëtzen, a mat hinnen de ganzen Dag ënnerwee ze sinn, mat hinnen iessen ze goen, sou dass si deen Dag hire Kriibs kënne vergiessen.
An et war e mat "Drive for Miles" scho vill doruechter an Europa ënnerwee fir kriibskranke Kanner en onvergiesslechen Dag ze erméiglechen u Bord vun engem Dream Car.
Mir waren zu Paräis e puer mol, zu Bréissel Events gemaach, zu Bonn, Dienslaken an Däitschland a mir haten och een Event zu Athen. Wou mir mat e puer Autoen dorower gefuer sinn, an dat war dee gréissten Event dee mir bis elo haten.
Elo dëse Weekend dann zu Lëtzebuerg. D'Annick Paquay koordinéiert de Programm?
Die Gemeinde hat das ganze Zentrum zugemacht, weil da kommen dieses Mal 42 Kinder minimum. Wir haben Oldtimer, Sportwagen, Motorräder, und einen Oldtimerbus mit dabei. Dann werden die Kinder von Mamer bis nach Colmarberg gefahren, weil GoodYear empfängt uns da, und möchte um mit uns über die Strecke zu rutschen sag ich mal, weil wir ganz langsam fahren, also ein super Empfang.
Vun do aus geet den Ausflug dann duerch den Dall vun de 7 Schlässer wou d'Kanner e klenge Quiz erwaart, an zu Stroossen gëtt da Mëtteg gemaach.
A wann dir vläicht och en Dream Car hutt an e Sonndeg wëllt mat de Kanner op deen Tour goen, da mellt iech nach gären un?
Mir brauchen ëmmer méi Autoen wéi mir Kanner hunn, wëll et kommen der herno e puer méi oder eventuell e puer manner. Dat hänkt ëmmer dovun of a wéi engem gesondheetlechen Zoustand si sinn, ob Dokteren et erlaben oder net. Dream car am beschten!
Mee och soss sidd dir als Visiteur e Sonndeg Moien zu Mamer, oder ënnerwee wëllkomm fir mat dobäi ze sinn an déi Aktioun ze ënnerstëtzen.
An d'Maskottchen dierf bei där "Good Ride Rallye" vun "Drive for Miles" net feelen?
Das ist Apache, ein französischer Hirtenhund, un der ist Service Dog. das heisst er darf bei den palliativen Behandlungen mitwirken, er darf mit in die Krankenhäuser, und er ist mit mit mir im Oktober letzen Jahres mit mir nach Athen gefahren, 5 600 Kilometer hin und zurück, und er durfte als erster Hund bei Elpida in Athen ins Krankenhaus.
Avis aux amateurs deemo. Dat Ganzt gëtt zesumme mat der Fondatioun fir kriibskrank Kanner organiséiert. De Link fir sech unzemellen an e Sonndeg mat ze fueren a Suen ze sammelen, dee fannt di bei eis op www.radio.rtl.lu.
https://participate.driveformiles.org/fr