Zanter méi wéi 35 Joer publizéiert d‘ACEL de « Guide du futur étudiant ». 1998 koum mam « Guide du futur diplomé » eng zweet Publikatioun dobäi an elo 6 Joer nodeems och deen 3. an der Rei fir d'éischt erauskomm ass, presentéiert de Studentevertrieder säin neien Internetsite, studenteguide.lu.
Op dëser Websäit goufen d'Informatiounen aus deene 3 Guide vun der ACEL zesummebruecht. An dat sinn der eng jett, Sophie Mangen vun der ACEL:
"Do fënnt ee vun allem. Engersäits déi verschidde Stied aus Europa wou ebe vill Studente sinn, dann och d'Kontaktdate vun de Cercle well déi eis déi Donnéeën alleguerte ginn hunn, dann di verschidde Fachrichtungen, also wat ee ka studéieren, wat dat beinhalt a wou. An dann eben och ganz vill praktesch Informatiounen iwwert d'Bourse, iwwert Wunnen am Ausland, dann iwwert e GapYear vläicht och, den Erasmus oder och iwwert d'Aarbechtswelt fir déi déi dann op Lëtzebuerg zeréckkommen an Informatioune brauchen zum CV, engem Virstellungsgespréich, zu de Steieren oder ganz allgemeng wéi mécht een e Prêt, wéi ass et zeréck op Lëtzebuerg ze kommen?"
33 Stied an 9 verschiddene Länner an 8 Fachrichtunge ginn aktuell op der Internetsäit couvréiert. Gutt 7 Méint laang huet een un deem neie Site geschafft. Domadder ass awer nach net Schluss.
"Fir d'Zukunft plange mer déi Offer ze erweideren mat Firmaen ze schaffen déi Benevolat ubidden, mam Jugendrot zum Beispill, Mir wëllen awer och nach weider Studiefächer ubidden an och nach mat weider Stied erweideren."
D'Iddi hannert dëser Plattform ass et d'Informatiounsmaterial dat ganzt Joer iwwer aktuell ze halen an dat ganz einfach online. Parallel heescht dat awer och lues awer sécher, dass d'Pabeierversiounen op en Enn kommen. Laura Oé:
"De Studenteguide verdeele mer nach ëmmer, dee gëtt och normalerweis mat all Premièresdiplom verdeelt iwwert den Educatiounsministère. De GFE (Guide du futur étudiant) an de GFD (Guide du futur diplômé) goufen elo integral digitaliséiert, déi ginn et also net méi an der Printversioun. Mee all déi Informatioune sinn awer elo op der neier Websäit ze fannen."
De Studenteguide wäert et dann awer och nëmmen nach an enger sougenannter Pocket Edition ginn op deem een e QR-Code fënnt deen direkt op de Site féiert wou een dann zu all Moment dat fënnt wat ee brauch.