Weiderbildung ass de Schlëssel, fir um Marché vu muer matzehalen. A grad dorëms këmmert sech d’House of Training – eng Plaz wou Profien aner Profien forméieren. D’Fondatioun huet dës Woch 10 Joer gefeiert a mir kucken eis haut hier Aarbescht méi genee un.
An enger Ekonomie déi sech permanent virun entwéckelt, hëlleft d’House of Training Betriber an Employéen, sech un déi nei Ufuerderungen unzepassen, dat a Form vu Formatiounen. 

17/10/2025 10 Joer House of Training - Reportage 1

Hier Missioun wier ganz kloer: et geet hinnen nämlech drëms d’Kompetenze vun den Entreprisen am Grand-Duché auszebauen, fir datt se kompetitiv bléiwen, sou d’Muriel Morbé, Direktesch vum House of Training.

17/10/2025 House of Training 1

2015 gouf d’House of Training gegrënnt, vun der Chambre de Commerce an der ABBL. (Lëtzebuerger Banken- a Bankiersvereenegung) Mëttlerweil bitt ee Formatiounen a méi wéi 23 Beräicher un – vu Finanzen iwwer Leadership bis hin zu Nohaltegkeet.

17/10/2025 House of Training 2

Neie Fokus elo an Zukunft ass d’Higher Education, beispillsweis verschidde Master-Programmer gi proposéiert. Alles an allem sinn et iwwer 1450 Coursen, déi d’House of Training ubitt, souvill wéi nach ni! Et wéilt ee weiderhi wuessen an hier Missioun bleift: d’Leit fit maachen, fir déi Zukunft, déi genee elo ufänkt.