© Neyya/iStock
Haut ass den Internationalen Dag vun der Menopause, där Period am Liewe vun enger Fra wou de Kierper sech ëmstellt a wou d'Reegel lues awer sécher Vergaangenheet ugehéiert. Fir sou gutt wéi méiglech duerch déi ganz Zäit ze kommen, déi bis zu 10 Joer dauere kann, kann een direkt un e puer Schrauwen dréine goen.
Nieft Sport a Beweegung fir sou wuel de Kapp wéi och de Kierper a Schwong ze halen, spillt och d'Ernärung, grad an de Wiesseljoren eng grouss Roll. Eise Kierper brauch nämlech verschidden Närstoffer déi en net selwer produzéiere kann. Diane Elsen, zertifiéiert Menopause Coach:
18/10/2025 Gutt duerch d'Wiesseljore kommen cut 1
"Fir d'Fraen an der Peri-menopause an an der Menopause ass et ëmsou méi wichteg, dass si déi Närstoffer kréie fir déi ganze Systemer ze ënnerstëtzen. Do sinn zum Beispill Saache wéi besser op säi Protein Wäert ze kucken deen en zou sech hëlt an och haaptsächlech vill Fiberen déi een aus dem Uebst a Geméis kritt. An eigentlech am idealen Teller misst d'Hallschent vum Teller aus Geméis, sou faarweg wéi méiglech an sou variéiert wéi méiglech, bestoen."
D'Wiesseljoren hunn dann och dacks en Afloss op de Schlof. Och do kann een op e puer Saachen oppassen:
18/10/2025 Gutt duerch d'Wiesseljore kommen cut 2
"D'Grondreegele sinn zum Beispill, an engem rouege Raum ze schlofen, e kill ze halen a virdru gutt gelëft ze hunn. Sech vläicht de Kapp e bësselchen eidel gemaach ze hunn, ier een schlofe geet."
Och Stress a Gereiztheet déi een an deem ganze hormonellen Up and Down erliewe kann, hunn en Afloss op de Schlof. Dofir ass et wichteg, dass ee léiert besser domadder ëmzegoen:
18/10/2025 Gutt duerch d'Wiesseljore kommen cut 3
"Datt een och vläicht sech Hëllef freet, datt een Berouegungstechniken ausprobéiert. Et ass sech wierklech emol domadder ze befaassen an dat Richtegt ze fanne wat engem läit an engem kann hëllefen."
Donieft kann et och schonn hëllefe mat Frënn a Famill kënnen driwwer ze schwätzen an ze wëssen, dass een net eleng doduerch geet. Da soll een awer och probéiere sech vu Leit ze ëmginn déi engem gutt dinn, mat deenen e laache kann an déi engem och nolauschtere wann et mol net sou gutt geet. A last but not least, soll een natierlech och deen néidege gesondheetleche Suivi beim Dokter maachen.
18/10/2025 Gutt duerch d'Wiesseljore kommen cut 4
"Mol wierklech e richtege Bilan ze maachen, wou stinn ech a menger Gesondheet, wat si meng Risikoen a mat sengem Dokter ganz genee kucke wéi d'Lag ass. A wann ee besuergt ass mat senge Symptomer, datt ee sech déi och opschreift, datt een e Suivi dovunner mécht, dat sengem Dokter kann uerdentlech erkläre wat mech belaascht a wann dat de Fall ass, eben ëm Hëllef froen."
Et sief dann awer och nach gesot, dass net all Fra d'Symptomer vun der Menopause d'selwecht spiert. Fir déi déi et awer betrëfft, sollt dat Ganzt awer keng Fatalitéit sinn a genee dofir ginn et hei am Land ënnert anerem souwuel d'Clinique de la ménopause am CHL wéi och de centre de ménopause am HRS.