An Däitschland gëtt erëm no onentdeckten Talenter gesicht. Ma reegelméisseg verlafe sech och Lëtzebuerger bei The Voice of Germany; James Borges, Thorunn, Krick, Joel Marques, Isaac Roosevelt.... d'Lëscht ass laang. An der aktueller Staffel ass Lëtzebuerg souguer 3 mol vertrueden.

D'lescht Woch huet d'Luciana vu Walfer bei The Voice of Germany gesongen an d'Fantas an och den Nico Santos hu gebuzzert. D'Luciana huet sech den Nico Santos als Coach erausgesicht a muss sech dann elo an de Battles beweisen. Haut den Owend sinn dann déi lescht Blind Auditions vun der aktueller Staffel an do gesi mir dann direkt zwou Persounen aus dem Grand-Duché.

17/10/2025 The Voice 2

Rendezvous mam Eugenie Moine an Andrea Galetti den Owend vu véierel op 8 un op PRO SIEBEN, entweder bei Iech Doheem oder op der Watchparty am BAC (Bar à Cocktails) am Pafendall. Haut wëlle mir déi 2 e bësse besser kenneléieren, dowéinst spille mir Entweder Oder mat hinnen. Fänke mir u mam Eugenie; Taylor Swift oder Adele.

17/10/2025 The Voice 3

A wéi decidéiert sech den Andrea bei Rock oder Pop?

17/10/2025 The Voice 4

D'Eugenie war och scho bei The Voice an der Belsch dobäi; dowéinst The Voice Belsch oder The Voice Däitschland?

17/10/2025 The Voice 5

Am Jury sëtzen den Owend d'Shirin David, Die Fantastischen 4 (also 2 vun hinnen), de Rea Garvey an den Nico Santos. Andrea: Rea Garvey oder Nico Santos?

17/10/2025 The Voice 6

Eugenie: Shirin David oder Nico Santos?

17/10/2025 The Voice 7

Komme mir bei d'Iessgewunnechte vun deenen 2: Andrea; Nuddelen oder Pizza?

17/10/2025 The Voice 8

Vum Eugenie wollte mir wëssen: Döner oder Bowl?

17/10/2025 The Voice 9

A wéi ass et da mam Kascht vun Heiheem? Andrea: Bouneschlupp oder Kniddelen?

17/10/2025 The Voice 10

An natierlech muss och eppes gedronk ginn. Eugenie: Wäi vun der Musel oder Béier aus enger vun eise Brauereien?

17/10/2025 The Voice 11

E bëssen Zäit fir Sport hu mir och nach. Andrea: Tennis oder Fussball?

17/10/2025 The Voice 12

A fir wat decidéiert sech d'Eugenie?

17/10/2025 The Voice 13

Da bleift eis elo näischt aneres iwwereg fir deenen 2 den Owend vill Gléck bei The Voice of Germany ze wënschen.