D'Saison vun der Fondue fänkt elo an der méi kaler Joreszäit lues awer sécher nees un. A mat hier dann och eng weider Gefor, dass et mol doheem kéint flamen.

30/10/2025 Déi heefegst Brandursaachen doheem

Ob elo Fondue oder Friteuse, bei béiden Apparater ass waarmt Fett am Spill an dat ass brennbar. Laurent Massard vum CGDIS:

"Wann et do zu engem Feier kënnt an et géif ee probéieren dat mat Waasser ze läschen, kënnt et zu enger Stéchflam déi fatal Suitte wäert hunn an och mat Sécherheet liewensgeféierlech wäert sinn. Dofir ass et onbedéngt wichteg, dass een net mat Waasser läscht mee dass een en adaptéierte Feierläscher hëlt an domadder probéiert dat Feier dann dee Moment ze läschen."

Ma net nëmmen déi Apparater kënne fir Feier suergen.

"Reegelméisseg gi mir op Asätz a Kichen geruff, haaptsächlech dann eben am haisleche Beräich. Do ass et da ganz oft, dass d'Leit hiert Iessen op der waarmer Kachplack vergiesse respektiv am Schäffchen an dann ass et natierlech sou, wann do deen Damp entsteet - do entsteet meeschtens vill Damp - dass et dann och zu gréissere Schied eeben am am ganze Beräich vun der Wunneng ka kommen."

Et muss awer net just déi waarm Kachplack fir Misär suergen. Och e Streckeise wat vergiess gëtt, gehéiert och haut leider nach ëmmer zu de Brandursaachen doheem. Genee sou wéi Steckdousen a Multi-prisen:

"Och do soll een oppassen, dass ee vläicht net déi Steckdousen iwwerlaascht, dass een net ze vill Leeschtung do zitt, well och do kann et dann deementspriechend zu engem Feier kommen. Dann hu mer och nach elektresch Heizkierper. Do stinn Hiweiser drop, dass een se net soll ofdecken. Do soll een och vermeiden, dass ee Kleedungsstécker oder eventuell Dicher driwwer hänkt fir déi ze dréchnen. Dat ass och eng Feiergefor."

Wa mer da scho bei de Kleeder sinn. Eppes wat vill Leit guer net um Radar hunn, ass d'Gefor déi vun engem Trockner ausgoe kann.

"Effektiv ass den Trockner en Apparat wou mir mierken, dass deen da reegelméisseg brennt, doduerch, dass Fusemen dra sinn, vläicht e Lager waarm leeft an dann huet een natierlech séier do e Brand deen entsteet."

Zanter dem 1. Januar 2023 ass den Dampmelder doheem dann och obligatoresch. Fir dass deen awer mol guer net muss huerelen, kann een op direkt e puer Saachen oppassen. Ugefaange mat den Dieren doheem déi een am beschten ëmmer zoumécht wann ee fortgeet.

"Dat éischt wat mol beim Feier geschitt, och wann et kleng ass, et kritt ee scho relativ séier vill Damp an deen Damp wäert sech dann och iwwert dee ganze Volume vun enger Wunneng ausdeenen. Wann een natierlech do preventiv schonn seng Dieren zoumécht vun deenen eenzelne Raim, wäert dat de Schued duerch den Damp deementspriechend och agrenzen."

Wann een eng oppe Schminni doheem huet déi jo grad elo an de méi kale Méint nees méi dacks an den Asaz kënnt, sollt ee kucken e Schutz virdrun ze maachen.

"Och dat ka mol geféierlech gi wann een do vläicht brennbaart Material ronderëm huet. An da kënnt natierlech och elo erëm d'Saison vun den Adventskränz oder soss Arrangementer an do ass et natierlech och wichteg opzepassen, dass éier een aus dem Haus geet,och dann eben di Käerzen,do aus sinn, net dass et do wann een fort wier, zu engem Brand kéim."

Da sollt een awer och kucke fir déi Apparater aus der Steckdous ze zéien déi geféierlech kënne ginn.

"Well een do awer oft net sécher ass, wéini ass e feier-geféierlech oder net, muss een och oppassen, dass déi Apparater an engem gudden Zoustand sinn an dass och eventuell Apparater déi net nach ganz Kabelen hunn oder wou dee scho sprock ass, dass een déi natierlech dann net méi agestach léist, dass een déi vläicht souguer aussondert an dann duerch en neien ersetzt, mee insgesamt ass ee sécherlech méi roueg wann een d'Apparaten erauszitt, wann een aus dem Haus geet."

Sollt et dann awer mol doheem brennen da sollt een natierlech direkt scho mol den 112 uruffen.

"An da soll ee mol sämtlech Persounen, déi eventuell bei engem sinn an och am direkte Geforeberäich sinn, warnen. Et kann een eventuell probéiere mat engem Feierläscher nach e Brand ze bekämpfen awer nëmmen da wann een sech net selwer a Gefor bréicht, Sollt déi Éischtbrandbekämpfung näischt bréngen, da soll ee kucken d'Dier hannert sech zouzemaachen an dann d'Wunneng ze verloossen. An dann ass et natierlech fir eis am Pompjeeën interessant, wa mir den Awunner um Trëttoir begéinen an hien eis eventuell scho kann déi wichteg Informatiounen zu deem ginn wa mir op d'Plaz kommen, dass dann déi entspriechend Equippen och direkt wëssen, wat se kënnen ënnerhuelen op der Plaz."

Sämtlech Informatiounen wat elo den Dampmelder ugeet, fënnt een iwwregens op rauchmelder.lu. Do kann een noliese wéi een dësen ophänkt a wou een e vläicht besser net ophänkt.