De CGDIS mellt an der Nuecht op en Donneschdeg e gréisseren Asaz zu Esch. An der Dicksstrooss hat et géint 0.34 Auer an engem Keller gebrannt.

Ënnert anerem de Samu vun Esch war op der Plaz, ma och véier Ambulanze vun Esch, Keel an Déifferdeng. Donieft waren d'Pompjeeë vun Esch, Keel, Schëffleng, Péiteng an aus der Stad an der Rue Dicks, fir d'Feier an de Grëff ze kréien.

Et war awer net dat éischt Feier deen Owend. Um Howald an der Rue Sangenberg war géint 20.30 Auer eng Poubelle an engem Haus a Brand geroden. Hei gouf et allerdéngs keng Blesséiert.