
"Ech hätt léiwer e Grupp mat 5 Equippen gehat", dat sot den Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz no der Auslousung vun de Gruppen fir d'Qualifikatioun vun der Weltmeeschterschaft 2026 an den USA, Kanada a Mexiko. D'Rout Léiwen kréien et an där Campagne mat Nordirland, der Slowakei, an dem Gewënner vun der Partie Däitschland géint Italien ze dinn, Franky Hippert:
16/12/2024 18h40 WM-Qualifikatioun Auslousung
An do spillen d'Rout Léiwen den 4. September géint Nordirland. 3 Deeg drop heescht de Géigner dann am Stade de Luxembourg Slowakei. Géint Däitschland oder Italien huet d'FLF-Formatioun hiren Heemmatch den Freideg 14. November.
Am meeschte gelies