Zanter gëschter ass et offiziell. De Grégoire Munster fiert och 2025 an der Rallye Weltmeeschterschaft fir M-Sport Ford. Zesumme mat sengem belsche Copilot Louis Louka ass de 25 Joer jonke Lëtzebuerger dës Saison am Generalklassement op déi 8. Plaz komm a wëll Enn Januar nees ugräifen, Sam Rickal.

19122024 Mag 18h40 Grégoire Munster bleift bei M-Sport Ford

Lass geet déi nei Saison traditionell mam Rallye Monte-Carlo Enn Januar. Am ganze sti 14 Rallyen d'nächst Joer am Kalenner. Den Ofschloss ass déi Kéier net a Japan, ma vum 27.-30. November a Saudi-Arabien.