D'Tennis-Saison gëtt ëmmer am Down Under esou richteg lancéiert. D'Australian Open hunn ugefaangen, an déi bescht Spillerinnen a Spiller probéieren direkt deen éischten Grand Slam Tournoi vum Joer ze gewannen. De Rekord huet de Novak Djokovic. De Serb konnt sech schonn 10 mol zu Melbourne an de Palmarès androen. De Novak Djokovic huet awer och nach ee grousst Zil, an dat ass säin 25.ten Grand Slam Titel am Eenzel ze gewannen, an domat eleng dee Rekord ze hunn, Franky Hippert:

13/01/2025 18h40 Wënnt den Djokovic zu Melbourne säin 25. Grand Slam

D'Australian Open sinn d'Leit Down Under e richtegt Fest, sot eis de Gilles Muller och nach. D'Australier wären richteg enthousiastesch an géife sech op hiren "Tennis-summer" freeën.