An der Liichtathletik ass e Sonndeg mam CMCM Meeting dee gréissten RDV vum Joer an der Liichtathletik.
Aus Lëtzebuerger Siicht sinn natierlech déi beschte Lëtzebuerger mat dobäi, ma och international Top Athleten notzen esou fréi am Joer eng staark Konkurrenz fir hir Form ze testen, Jeff Kettenmeyer.

15/01/2025 18h40 CMCM Meeting

Duerch de grousse Succès vum leschte Joer an de gudde Leeschtungen vun den Athleten ass dësen internationalen Indoor Meeting an der Coque vum Bronze op Selwer Kategorie agestuuft ginn. Dëst ass déi zweet héchsten Kategorie déi eng Organisatioun fir ee Meeting ka kréien, den Generaldirekter vun der FLA, Jean-Sébastien Dauch.

CUT

D'Lëtzebuerger Liichtathletik Federatioun ass natierlech och gefuerdert fir de Standarden vun esou engem Meeting gerecht ze ginn.

CUT

Mam Patrizia van der Weken ass d'Aushängescheld vun der Lëtzebuerger Liichtathletik mat dobäi an wäert och dëst d'Joer nach emol méi fir een Zuschauermagneit suergen.

Allgemeng ass et favorabel wann d'Lëtzebuerger iwwerzeegen, de Jean-Sébastien Dauch.

CUT

An méi Detailer iwwert dësen Meeting ginn et den Owend am Journal op der Tele.