Bis de nächste Sonndeg ass d'Handball WM nach am Gaangen.
Fir muer sinn d'Véierelsfinallen Kroatien géint Ungarn a Frankräich géint Ägypten programméiert.
E Mëttwoch spillt Dänemark géint Brasilien an Däitschland kritt et mat der positiver Iwwerraschung Portugal ze dinn.
Mir maachen de Point iwwert d'WM an Dänemark, Kroatien an Norwegen  a kucken dës och duerch de Lëtzebuerger Brëll Serge Olmo...

27/01/2025 18h40 Teschebilan Handball WM

Favorit ass den aktuellen Olympiagewënner Dänemark deen och 3 Mol noeneen Weltmeeschter gouf.
D'Halen ware bis elo ganz gutt besicht wann d'Lokalselektioune gespillt hunn soss huet et punkto Spectateuren net wierklech ëmmer topp ausgesinn.
D'Konzept fir an 3 verschiddenen Länner d'Partien un ze setzen wäert nach e bëssen evaluéiert musse ginn.
Kloer ass datt bei esou enger WM mam Ufank vun de Véierelsfinallen an den direkten Eliminatiounen den Turnéier op Héichtouren wäert kommen.
Nieft Portugal ass vläicht Italien d'Iwwerraschungsekipp vun dëser Editioun.
D'Azzurri goufen hannert Dänemark déi 2. an hirem Grupp no 2 Victoiren.
An der Haaptronn gouf et Victoire géint Tschechien dono awer zwou Defaiten géint den Olympia Finalist Däitschland an d'Schwäiz.
Géint Däitschland hat et laang gutt ausgesinn. Dat ass besonnesch impressionnant well d'Italiener viru net alt ze Laangem op eisem Niveau waren. Trainer bei Italiener ass den Riccardo Trillini deen vun 2013-2017 zu Käerjeng trainéiert huet an do den Championstitel an d'Coupe gewanne konnt.
D'Erklärung fir d'Progressioun iwwer déi lescht Joren war datt den Riccardo Trillini all d'Selektiounen vu kleng bis Grouss konnt iwwer Joren betreien. De ganz aggressiven 1-5 Système an der Defense huet fir vill Succès gesuergt well sech munch Ekippen emol hu missten dru winnen. Et gesäit allerdéngs aus wéi wann den Trillini geschwënn wäert ophalen.
D'Nationalekipp huet natierlech eng Zukunft virun sech huet, well si déi jéngst an Europa ass. Ech sinn net méi laang verantwortlech, well ech mengen, ech ginn an der nächster Zäit ophalen. Fir mech war et e grousse Succès hei, well et en 8-Joer-Job ofgeschloss huet.

Den 59 Joer alen Coach huet nach Kontakt mat Lëtzebuerg.
De Cap Vert huet et bei senger 3. Participatioun fäerdeg bruecht an d'Haaptronn ze kommen no enger Victoire géint Kuba.
Beim Kap vert sinn 2 Dikrëcher aktiv. De Goalkeeper Bruno Fernandes an den Gilson Correia. De Correia hat géint Kuba 3 Mol markéiert.
Den Dikrecher Gilson Correia huet seng 2. Participatioun trotz 3 Defaiten an der Haaptronn richteg genoss.

Deel ze huelen un enger Weltmeeschterschaft ass wéi e Dram. An elo ass et schonn déi zweet Kéier, mee et ass ëmmer nach e Dram, well ech net professionell sinn an mat Spiller spillen, déi ech ëmmer op der Tëlee kucken. Et ass ëmmer e spezielle Moment fir mech.

De Correia appreciéiert et och datt hei zu Lëtzebuerg iwwert hien an säi Kolleeg geschwat gëtt.

En aneren Spiller deen vill mat Lëtzebuerg ze dinn huet ass den Ariel Pietrasik den ex Bierchemer dee mat der Polnescher Ekipp bei der WM ass. Trotz 7 Goler vum talentéierten ex Réiserbänner géint Däitschland huet Polen am Grupp A enttäuscht a koum op déi 4. a lescht Plaz.