De leschte Samschdeg gouf den 2. “Projet Impuls” Dag mam Sujet “Méi Sport a Beweegung an de Gemengen” organiséiert vum Comité Olympique, dem Sportsministère, dem Inaps a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der “Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte”. Vill Gemengeresponsabel an Acteuren aus dem Sport hate sech op Lëpschent deplacéiert, Serge Olmo.
Et waren 51 vun den 100 Lëtzebuerger Gemengen ugemellt. Mam Alejandro Calvente war och den Internationalen Olympesche Comité vertrueden. Beim 1. Projet Impuls Event virun engem Joer war den Intressi bei de Gemengen nach net esou grouss an do goung et méi drëms de Projet ze lancéieren. Elo ass een natierlech e Schratt méi wäit. D'Lynn Taschler vum Team Impuls.
Et gëtt méi konkreet. Ech mengen dat ass déi kloer Äntwert. Am Ufank war dat alles net esou gräifbar. Mir hu vill vu Bottom up. Mir hu vill vu mir ginn op den Terrain geschwat. Mee wat dat an der Praxis heescht, dat war fir d'Leit allgemeng relativ ongräifbar. An ech mengen elo haut, wou och dann déi Gemengen, an deene mer de Projet duerchgefouert hunn, gewisen hu wat alles geschitt ass an de Gemengen, gëtt dat elo vill méi konkreet. An ech mengen d'Gemengen erkennen d'Plus-value vun dëser Ugeeënsweis.
Et goufen eng Hellewull Projeten mat de Sujeten Sport déi lescht Méint a Beweegung an d'Weeër geleet .
De Sportminister Georges Mischo weess datt esou een Event wéi dee vum leschte Samschdeg ganz wichteg ass.
Ech sinn immens frou an immens houfreg, dass 51 vun 100 Gemengen hei waren. De Sall war komplett voll. Also e risege Succès. An ech mengen, dass de Projet Impuls net nëmmen d'Erfaassen ass an d'Dokumentéiere vun de Sportinfrastrukturen an de Sportméiglechkeeten an de Gemengen, mee et ass virun allem en Tool fir alleguerten d'Gemenge sech ënnereneen aus ze tauschen wat een alles ka maachen a senger Gemeng.
4 Gemengen goufen am Hierscht 2023 selektionéiert fir mat ze maachen. Et waren dat Réiser, Gréiwemaacher, Nidderaanwen an Klierf; deemno Gemengen aus dem Süden, Osten, Zentrum an Norden. Dës 4 Gemengen hunn hir Beispiller mat der Evolutioun vu Sport a Beweegung ervir bruecht. Den Emile Eicher Schäffen vu Klierf a President vum Syvicol war vun Ufank un mat senger Gemeng mat am Bot an huet mëttlerweil landeswäit e ganz positiivt d'Gefill.
Ech menge mir sinn am richtege Wee, well wéi mer ganz kleng ugefaange hunn, virun zwee Joer, do waren am Fong ganz wéineg Gemengen, déi sech fräiwëlleg gemellt hunn an de Succès, mengen ech, gëtt awer hei unerkannt, déi Leit, déi sech wierklech agesat hunn, mat de Gemengen a mat de Veränner sech zesummegesat hunn.
Et ass esouwuel am formale wéi am non-formale Beräich wichteg mat de Kanner ze schaffe mee de Fokus op de Sport soll an allen Alterskategorie stattfannen. Déi allgemeng Wichtegkeet vum Event gouf ënnerstrach an d’Importenz vum Sportkoordinator an de Gemengen.
Fir an de Gemengen op sportlechem Plang weider ze kommen ass et wichteg déi finanziell Moyenen esou rationell wéi méiglech an ze setzen. D’Projeten fir méi Sport a Beweegung sollen nohalteg sinn.
Ausgetosch gouf sech um Samschdeg am Kader vu Workshoppen. Et huet ee gespuert datt no dësem Impuls Event de Projet definitiv um Rulle wier an datt déi méintelaang Sensibiliséierungsaarbecht am Gaangen ass hir Friichten ze droen.